Op der Pressekonferenz dobäi ware seng zwee Affekoten, eng Patientin an dräi aner orthopedesch Dokteren, dovun zwee aus dem Grupp HRS, wou hien déi lescht Joren operéiert huet. Bis hien eebe vum Gesondheetsministère verbuede krut bis op Weideres Operatiounen duerchzeféieren.
Haaptmessage vun der Pressekonferenz war, datt d’Expertis, déi am Optrag vum Gesondheetsministère realiséiert gouf, net valabel wier.
Fir déi Expertis, déi gesetzlech gereegelt ass, hat den Dr. Wilmes selwer kënnen een Expert nennen, de Ministère deen aneren, an déi zwee si sech op en drëtten eens ginn. Déi dräi Experte koumen unanime zur Conclusioun, datt den Dr. Wilmes an zéng Fäll net justifiéiert Kräizbandoperatioune gemaach hätt.
De Rechtsstaat mat Féiss getrëppelt
Dem Dr. Wilmes säin Affekot huet iwwerdeems d’Formulatioun vun der Missioun kritiséiert . Dat obwuel ee sech jo Ufank Mäerz op déi Formuléierung gëeenegt hat. Zum Expert, dee vun der Defense genannt gouf, sot de Me Prum, dee wier hinnen net bekannt gewiescht.
“Dat war den Dr. Hummer, en Orthoped vun Nanzeg, dee mir net weider kannt hunn. Mir wossten, datt dee Mann eng gewësse Renommée hätt. Mir wossten, datt et een Expert assermenté wier, dee virun de Geriichter a Frankräich an och an deem Sënn schonn zu Lëtzebuerg intervenéiert ass an Affären."
Et wier awer net, datt dat elo en Dokter wier, deen eis bekannt war, seet de Me Prum. No Bausse géif elo dacks gesot ginn, datt den Expert, dee vum Dr. Wilmes selwer ernannt gi war, d'Decisioun jo och matgedroen hätt. Hiren Expert wier keng Persoun, déi si fir hire "Kurs" schonn op hirer Säit gehat hätten, mengt den Affekot vum Dr. Wilmes.
Eng Patientin trëtt virun d'Press
Op der Pressekonferenz huet och eng Patientin, där hiren Dossier ënner deenen 10 analyséierten Dossiere vun der Expertis ass, geschwat. Si huet kritiséiert, datt si net domat d’Accord gewiescht wier, datt hiren Dossier fir d’Expertis benotzt ginn ass. Iwwerdeems huet si betount, datt si keng Kritik um Dr. Wilmes hätt. Hir géif et no der Operatioun besser goen.
“Elo 4 Méint no der Operatioun – ech sinn zwar nach an der Reeducatioun – mee ech mierken, datt mäi Knéi méi stabil ass. Ech kann elo schonn Übunge maachen, zwar nach mat e bësse Wéi awer mat engem ganz anere Wéi wéi virdrun.”
Ee fundamentale Problem
Déi zwee Dokteren aus den HRS, déi op der Pressekonferenz waren, den Dr. Jacques Mehlen an den Dr. Berndt Garbrecht, hunn d’Expertis vum Ministère kritiséiert. Si hunn aus dem Rapport geschloss, datt d’Experten dem Dr. Wilmes seng Notizen zu de klineschen Ënnersichungen net consideréiert hätten. An der Medezin kéint ee sech net nëmmen op IRM-Biller verloossen.
D’Experten hätten d’Patienten net selwer ënnersicht, gouf weider kritiséiert.
Deen drëtten Dokter op der Pressekonferenz, den Dr. Robert Huberty, ee pensionéierten Orthoped, huet iwwerdeems eng Feelerquote bei IRMe vu 25 oder 50 Prozent genannt (dëse Chiffer konnt net vun der Redaktioun iwwerpréift ginn).
Ee politeschen Dossier
De Philippe Wilmes huet verschidden Theese genannt, wisou d’CSV-Gesondheetsministesch perséinlech Divergenze mat him hätt. Ënner anerem well hien dem Premier Luc Frieden zejoert gesot hätt, datt ee mat hir net kéint schaffen. Fir hie wier déi ganz Affär ee politeschen Dossier.
“Mee de Sujet ass hei, datt hei op all Niveau de Rechtsstaat mat Féiss getrëppelt gouf an e Bierger mat Féiss getrëppelt gouf, all seng Rechter vum éischten Dag u baffouéiert goufen, e gëtt net gehéiert, kritt keng Méiglechkeet fir sech ze verteidegen, en ass presumé coupable an dat ass eng Geschicht, déi soll vum éischte bis zum leschten Dag duerchgezu ginn. An hei hu sech offiziell Institutiounen dru bedeelegt, déi heesche Collège médical an déi heeschen och Gesondheetsministère. An dat ass e Problem.”
De Me François Prum huet iwwerdeems betount et géif een elo op d’Prozedur vum Parquet hoffen, fir un enger aner Expertis ze kommen.