arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dréngend Hëllef gebraucht: Lëtzebuerger Rout Kräiz mobiliséiert fir Nepal

Katastroph am Himalaya

|
reading time

1 min

Dréngend Hëllef gebraucht: Lëtzebuerger Rout Kräiz mobiliséiert fir Nepal

D’Croix Rouge ass zënter 2008 an Nepal aktiv. Och déi Géigend, an där d’Rout Kräiz Projeten huet, ass vun der Flutkatastroph betraff.

reading time

1 min

© Croix-Rouge
(Foto: Croix-Rouge)

D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz mécht een Opruff fir Done fir Nepal. Zesumme mam nepaleesesche Roude Kräiz wieren och schonn Hëllefsekippen op d'Plaz geschéckt ginn, heescht et.

Vill Mënsche wiere komplett vun der Baussewelt ofgeschnidden an et géifen enorm vill Hëllefsgidder gebraucht ginn.

Och d‘Unicef mécht e Spendenopruff

D’Unicef ass zënter méi wéi 60 Joer am Nepal present. Ganz vill Kanner hätten hir Familljen an hir Haiser verluer a si wieren op Hëllef ugewisen, esou d’Organisatioun. 

D‘Unicef wier an enkem Kontakt mat den Autoritéiten am Nepal, a kéint, wann d‘Regierung zu Kathmandu se freet, direkt agräifen.