arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drëtt Canicule: Frankräich gëtt de Flamen an de Pyrénées-Orientales net meeschter

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Drëtt Canicule: Frankräich gëtt de Flamen an de Pyrénées-Orientales net meeschter

D'Feier an de Pyrénées-Orientales, dat zënter véier Deeg brennt, ass nach ëmmer net ënner Kontroll. An d'Gefor fir weider Bränn klëmmt. A Frankräich gi rëm Temperature vu bis zu 41 Grad erwaart.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/CHLOE REULET
(Foto: EPA/CHLOE REULET)

An den dräi Departementer Essonne, Deux-Sèvres an Vaucluse wier d'Gefor fir weider Bëschbränn den Ament immens héich. 

Wat d'Feier an de Pyrénées-Orientales ugeet gëtt et den Ament keng Entwarnung. D'Wiederkonditioune wieren net favorabel, esou d'Prefektur. Déi grouss Hëtzt, extreem niddreg Loftfiichtegkeet an de Wand kéinten dozou bäidroen, datt d'Feier sech weider ausbreet.

Trotz Läschfligeren aus dem Ausland: D'Situatioun bléift ugespaant 

4.900 Hektar si de Flame schonn zum Affer gefall. Eng 12.000 Persoune goufen evakuéiert. D'Feier huet eng 50 Gebaier beschiedegt. 

800 Pompjeeë sinn den Ament am Asaz. Si kréien an dëse Stonne Verstäerkung vu Läschfligeren aus dem EU-Ausland. Trotzdeem géif een den Ament net dovun ausgoen, dem Feier meeschter ze ginn, wéi et vun de lokalen Autoritéiten heescht. 

D'Situatioun a Frankräich bleift deemno ganz eescht. Dëser Meenung ass och de franséische Premier Sébastien Lecornu, deen an der Assemblée e Bilan gezunn huet. Déi aktuell Situatioun wier elo schonn däitlech méi schlëmm wéi leschte Summer ëm des Zäit.

Nees Temperature vu bis zu 41 Grad gemellt 

Net nëmmen d'Flamen, mee och déi héich Temperature stellen d'Land viru Problemer. 

Haut gëllt an 61 Departementer, also an dräi Véierel vum Land, déi zweethéchst Hëtztwarnstuf. Et ginn Temperature tëschent 36 an 41 Grad erwaart. Et ass schonn déi drëtt Canicule fir dëse Summer.

D'Temperature wäerten dann och nach bis an d'nächst Woch eran héich bleiwen.

play_arrow Lauschteren