Et misst méi transparent informéiert ginn, ouni dobäi onnéideg Onsécherheeten oder Spekulatiounen ze verstäerken, esou eng vun de Fuerderungen aus der Chamber.
Den däitsche Sécherheetsberoder Manuel Atug sot am, 100,7 Interview och, datt d'Lëtzebuerger Regierung net kloer kommunizéieren hätt. An esou Fäll misst eng Regierung awer partout "Deutungshoheit" halen an net ze vill Raum fir Spekulatioune loossen.
DP gesäit nach Loft no uewen
Wéi gutt Lëtzebuerg aktuell op esou Drone-Virfäll preparéiert ass, léisst sech dem Gusty Graas vun der DP no nach net definitiv bewäerten. De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun gesäit awer Verbesserungsbedarf.
"Ech soen elo net, datt Lëtzebuerg guer net virbereet war, mee mat Sécherheet gëtt et nach Verbesserungsméiglechkeeten. Op alle Fall, mir mussen déi Saach do esou oder esou seriö huelen a mir musse kucken, datt mir do besser gewappnet sinn, falls nach eng Kéier esou en Incident virkënnt.“
ADR: D'Leit net am Däischtere loossen
Den ADR-Deputéierte Fred Keup warnt dogéint, d'Situatioun ze séier als "Attack“ ze bewäerten, soulaang net gewosst ass, wat genee hanner den Drone stécht. Gläichzäiteg fuerdert hien eng besser Informatioun vun der Ëffentlechkeet.
"Ech mengen, et ass ganz wichteg fir ze kommunizéieren an de Leit transparent ze soen, wat d'Regierung da wierklech weess. Wéi vill waren der dann? Vu wou kommen déi? Wou si se? Dat wësse mir jo alles net.“
Déi gréng: Méi kloer Reegelen
Och fir d'Sam Tanson vun déi gréng ass d'Kommunikatioun een zentrale Punkt. Si fuerdert virun allem méi kloer Reegele fir den Ëmgang mat esou Situatiounen.
"Datt transparent natierlech informéiert gëtt, insofern dat méiglech ass, mee virun allem och, dass mir eis ganz kloer Reegele ginn, wéi mir do domadder ëmginn.“
LSAP: Besser Detektioun vun Dronen
Den Yves Cruchten vun der LSAP fuerdert, datt d'Regierung an den nächsten Deeg méi Transparenz schaaft an der Chamber erkläert, wat gewosst ass a wat nach net. Hie gesäit och bei der Detektioun vun Drone an de Prozeduren nach Nohuelbedarf.
Well et sech net ëm e reng lëtzebuergesche Problem handelt, misst et senger Meenung no och eng europäesch Äntwert ginn.
CSV verdeedegt Virgoensweis
De Laurent Zeimet vun der CSV verdeedegt dogéint déi bis elo gewielte Virgoensweis. D'Regierung hätt zäitno informéiert an et wier elo wichteg, net ze spekuléieren, soulaang keng geséchert Informatioune virleien.
Ob Lëtzebuerg gutt genuch opgestallt war, misst d'Analys vum Virfall weisen. Méiglech Schwachstelle missten duerno behuewe ginn.