arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dronen: Lëtzebuerg verstäerkt d’Iwwerwaachung vum Loftraum

Dronen iwwer Lëtzebuerg

|
reading time

1 min

Dronen: Lëtzebuerg verstäerkt d’Iwwerwaachung vum Loftraum

No den Tëschefäll mat Dronen zu Lëtzebuerg goufen d‘Iwwerwaachungs-Capacitéite vum Loftraum verstäerkt.

reading time

1 min

Symbolfoto Dron | © picture alliance / Picvario Media | Vadim Akhmetov
Symbolfoto Dron (Foto: picture alliance / Picvario Media | Vadim Akhmetov)

Et wieren zousätzlech Moyene agesat gi fir Dronen ze detektéieren, dat och an Zesummenaarbecht mat auslännesche Partner. Dat huet déi interministeriell Evaluatiouns-Cellule Dronen um Sonndeg matgedeelt, nodeems se moies nach emol zesumme komm war.

An engem Communiqué gëtt preziséiert: An der Nuecht vu samschdes op sonndes wiere weider Meldunge vu Leit era komm, déi soten, si hätten Drone gesinn. Et hätt sech awer dacks ëm de normale Fluchverkéier gehandelt, an et hätt kéng Gefor kënne festgestallt ginn. Och de Loftverkéier um Flughafen ass normal verlaf.

Aus Sécherheetsgrënn keng weider Detailer genannt

An der Nuecht vu freides op samschdes waren net erlaabten Dronen iwwer de Findel geflunn. De Fluchverkéier war eng Zäit laang komplett ënnerbrach ginn. 

De Premier Luc Frieden hat e Samschdeg virun der Press gesot: Et sollt een net panikéieren, mee et misst en d‘Situatioun eescht huelen. Ob Russland eppes mat den Dronen ze dinn hätt, kéint een nach net soen. Aus Sécherheetsgrënn kéint hie kéng weider Detailer ginn, esou de Premier.