Dat huet de Moien den Haut commissariat à la protection nationale matgedeelt.
De Flughafebedreiwer lux-Airport huet och matgedeelt, datt gëschter onerlaabten Dronen iwwert de Flughafe geflu sinn. De Fait, datt de Flugtrafic ënnerbrach gouf, wier aus Virsiicht geschitt, fir Passagéier, Flugequipagen, Flughafemataarbechter a finalement och Fliger ze schützen.
1.800 Passagéier ware betraff
19 Vollen am Ganzen, dovu 17 geplangte Luxairvolle sinn op Fluchhäfen an der Géigend deviéiert sinn. Si goungen op Köln/Bonn, Bréissel, Frankfurt/Hahn, Paris-Charles de Gaulle, Basel a Stroossbuerg. Et waren 1800 Passagéier betraff, esou d‘Luxair.
An der Nuecht konnten dunn awer eelef weider Fliger landen. De Fluchhafen ass also erëm op – et kann awer haut nach zu Retarde kommen, bis all Repercussioune vun der Fermeture opgehuewe sinn, esou d‘Luxair.
En 100,7-Journalist huet d'Dronen och an der Gemeng Helperknapp gesinn
En 100,7-Journalist huet gëschter Owend och déi onbekannten Objeten an der Gemeng Helperknapp kënnen observéieren, wéi hien temoignéiert.
"Ech hu gëschter géint 22:45h, wou ech dobaussen am Gaart souz lauter Luuchten um Himmel gesinn, déi sech onofhängeg vuneneen an enger Linn beweegt hunn. Et huet ee Luuchte gesinn, ëmmer dräi Stéck beieneen, an déi Luucht an der Mëtt huet geblénkt."
Och an der Däischtert hätt een dës Objete vu Fligere kënnen ënnerscheeden. Eleng vun der Distanz hier an am Verglach mat Fligeren déi laanschtgeflu sinn.
"Am Ganzen hunn ech 6-8 Stéck gezielt. Déi sinn an enger riichter Linn geflunn, vun engem Moment op den anere stoe bliwwe fir puer Sekonnen an da rëm an déi aner Richtung geflunn. Dat huet sech bei all deenen Dronen/Objekter puermol widderholl. Wann ech an den Himmel gekuckt hunn, hunn ech direkt puer där Dronen/Objekter op eemol gesinn."
Circa no enger hallwer Stonn wieren d'Objeten nees all fort gewiescht an et hätt ee se net méi gesinn, esou nach den 100,7-Journalist a sengem Temoignage.
Net déi éischt Dronen dës Woch
D'Drone vu gëschter koumen, nodeems schonn en Dënschdeg an e Mëttwoch an der Géigend vu Miedernach Dronen ënnerwee waren, déi de Premier Luc Frieden dozou gefouert haten och do schonn d‘Cellule d‘évaluation "drones" zesummen ze ruffen.