arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Droung vum Trump, sollten d'EU a Kanada wierklech eng nei Partnerschaft ofschléissen

EU-Kanada

|
reading time

1 min

Droung vum Trump, sollten d'EU a Kanada wierklech eng nei Partnerschaft ofschléissen

D'EU a Kanada hunn ugekënnegt, eng associéiert Partnerschaft wëllen anzegoen. Sollt et dozou kommen, da géif dat Konsequenzen hunn, huet elo den US-President Donald Trump bei engem Walkampfoptrëtt an North Carolina gedreet.

reading time

1 min

© EPA/RONALD WITTEK
(Foto: EPA/RONALD WITTEK)

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet gëschter an hirer Ried zur Lag vun der Unioun eng nei Partnerschaft mat Kanada proposéiert. 

Déi Propos wier lächerlech, huet den Donald Trump gemengt, an op en Neits mat héijen Douanestaxen an esouguer engem Handelsstopp mat der EU gedreet. Hie wéilt awer elo mol d'Intentiounen iwwerpréiwen. Kanada wier awer ee "schrecklechen Handelspartner" gewiescht, sot den US-President. 

Haut wäert de kanadesche Premier Mark Carney am Europaparlament eng Ried halen.