Jemen leit südlech vu Saudi-Arabien op der Arabescher Hallefinsel. Richtung Oste grenzt d'Land mat senge ronn 42 Milliounen Awunner un den Oman, am Westen un dat Rout Mier. D'Gebitt laanscht d'Küst gëtt vun den Huthi-Rebelle kontrolléiert. Eng arméierte Grupp, deen enk Lienen zum iranesche Regimm huet, änlech wéi d'Hezbollah am Libanon.
Emkämpfte Passage
Am Jemen läit e wichtege Mierespassage (Bab al-Mandab) deen den asiatesche Marché mam Mëttelmierraum verbënnt - dat iwwer d'Rout Mier an de Suez-Kanal an Ägypten. Nieft der Mieresstrooss vun Hormuz ass och Bab al-Mandab eng ganz wichteg Handelsroute fir Pëtrol, an de Rescht vun der Welt ze liwweren. Am Juli dëst Joer ass et den Huthi-Rebelle gelongen dës Passage ënnert hier Kontroll ze bréngen. Ënnert anerem doduerch sinn d'Pëtrolspräisser an d'Luucht gaangen.
Biergerkrich am Jemen
Wéinst dem us-israeelesche Krich am Noen Osten, an dem Blockage vun dësem Passage duerch d'Huthi-Rebelle war Jemen an der Lescht méi dacks an den Neiegkeeten opgetaucht wéi virdrun.
Eigentlech kämpfen d'Huthi-Rebelle schonn zënter Jore géint d'Arméi vun der jemenittescher Regierung. Saudi-Arabie féiert eng Koalitioun vun arabesche Länner un, déi d'Regierung vum Jemen stäipen an esou verhënneren wëll, datt d'Land komplett ënner d'Kontroll vun enger Force fält, déi dem Iran ganz no steet.
100.000 Mënschen op der Flucht
Am Fong ware béid Säiten sech viru véier Joer iwwer eng Wafferou eens ginn. Mee den Accord ass an de leschte Woche geplatzt. Iwwer 100.000 Leit si mëttlerweil op der Flucht an Hëllefsorganisatioune warnen virun enger humanitärer Katastroph am Jemen.
CARE - eng international ONG déi och eng Antenne zu Lëtzebuerg huet - ass sur Place fir de Mënschen ze hëllefen. D'Lëtzebuegerin Julie Piscini schafft als "Emergency Project Manager" bei CARE Lëtzebuerg.
Accès zu Informatioun ganz schwéier
2024 war si fir e puer Méint am Jemen baséiert. An zwee Méint sollt si eigentlech rëm dohinner fléie, fir sur Place Hëllef ze leeschten. Vue datt d'Frontlinnen sech permanent verschibe, géifen esou humanitär Reesen dacks wéinst Sécherheetsbedenken kuerzfristeg annuléiert ginn.
"Dat heescht, et ass ëmmer iergendeppes virgefall, wou et erëm gesot ginn ass, et ass leider lo net méiglech, dass international Leit dohinner kënne goen."
Datt Hëllef wierklech och op der Plaz ukënnt wier ganz wichteg. Zënter September wieren iwwer 130.000 Leit aus der Küste-Regioun a Richtung Oste geflücht. D'Leit géifen flüchte well se Angescht hunn - et géif keng direkt Unzeechen datt d'Rebellen d'Zivilbevëlkerung ugräifen, erkläert d'Julie Piscini. Informatioun iwwer déi konkret Ëmstänn wieren awer schwéier zougänglech.
De Jemen ass méi wéi e Passage fir Pëtrol
D'Leit kéinten op der Fluch net vill mathuele well se meeschtens zu Fouss ënnerwee sinn. Am Jeme géifen et och riseg Flüchtling-Campen, d'Konditiounen hei wieren oft schlecht an et géif u Liewensmëttel feelen. Dat well d'Land zënter zéng Joer am Konflikt ass. CARE Lëtzebuerg verdeelt ënnert anerem Iessen.
De Jemen hätt eng Joerdausend al Kultur, déi éischt Héichhaiser wieren hei gebaut ginn. An de westleche Medie géif wann iwwerhaapt just iwwer de Jemen geschwat ginn, wann et ëm eng Hausse bei de Pëtrolspräisser oder ëm Krich an Aarmut geet.
"Ech sinn iergendwou frou, datt et méi an de Medien ass, mee ech géif de Leit gär soen, datt dat Land méi ass wéi e Mierespassage deen elo problematesch gëtt fir eis Pëtrolspräisser."
Leit hëllefen sech selwer ze hëllefen
Dat wat d'Leit am Jemen gäre rëm hätte wier hier Dignitéit. D'Organisatioun CARE Lëtzebuerg wëll de Mënschen am Jemen dofir net just an akuten Noutsituatiounen hëllefen, mee strukturell Hëllef leeschten.
"Dat heescht, wat mir ganz vill maachen, no enger éischter Hëllef natierlech elo an där akuter Kris, ass de Leit hëllefen sech selwer ze hëllefen, erëm hier nei kleng Business'en opzebauen, Agrikultur ze maachen, grad Fraen, dass se kënnen och kollektiv Aktioune maachen, fir méi visibel an der Gesellschaft ze sinn, méi ze participéieren."
CARE Lëtzebuerg gëtt zum Deel och vum Lëtzebuerger Ausseministère finanzéiert.
De ganzen Interview kënnt Dir hei lauschteren