arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groussbritannie wäert sech um 90 Milliarden Euro EU-Kredit fir d‘Ukrain bedeelegen

EU

|
reading time

1 min

Groussbritannie wäert sech um 90 Milliarden Euro EU-Kredit fir d‘Ukrain bedeelegen

Groussbritannie géif sech um 90 Milliarden Euro Kredit fir d‘Ukrain bedeelegen, dat sot de brittesche Premier Keir Starmer bei senger Arrivée um Sommet vun der Europäescher Politescher Gemeinschaft. Mat wéi vill Suen d‘Britten sech wëlle um EU-Kredit fir Ukrain bedeelegen, ass nach net gewosst.

reading time

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

D‘EU hat de Wee fir dee Kredit am Abrëll fräi gemaach, dat nodeems Ungarn säi Veto nom Muechtwiessel am Land opgehuewen hat. 

Zu Eriwan an der Haaptstad vun Armenien si fir de Sommet vun der Europäescher Politescher Gemeinschaft, d‘Staats- a Regierungscheffen aus 48 Länner, zesumme komm. Dorënner och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden. 

Nieft den europäesche Länner sinn och eng ganz Rëtsch Balkanlänner a Kanada vertrueden. Et geet drëms, méi enk zesummenzeschaffen, virun allem a Saache Sécherheet.