arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Inneministeren iwwer Situatioun op Ceuta: Wat gëtt sech vun der Reunioun erwaart?

Migratioun

|
reading time

1 min

EU-Inneministeren iwwer Situatioun op Ceuta: Wat gëtt sech vun der Reunioun erwaart?

50.000 bis 60.000 Mënschen hate sech aus dem Marokko op de Wee a Richtung spuenesch Exklav Ceuta gemaach. Op d'mannst 72 koumen dobäi ëm d'Liewen. De spuenesche Premier Pedro Sanchez betount, d'Situatioun wier ënner Kontroll an déi grouss Majoritéit wier nees zeréck an de Marokko geschéckt ginn.

reading time

1 min

Politesch hunn d'Biller, déi ëm d'Welt gaange sinn, fir vill Reaktioune gesuergt. Haut sollen d'EU-Inneministeren zesummekommen, fir iwwer d'Situatioun ze schwätzen. 

Lëtzebuerg steet hanner Spuenien

Ënner anerem Italien, ënner der rietspopulistescher Premierministesch Georgia Meloni, mécht Drock a fuerdert Spuenien aus dem Schengenraum auszeschléissen. Dänemark a Finnland hu sech hanner déi Fuerderung gestallt. 

Spuenie steet mat senger Positioun an der EU relativ eleng do. 22 EU-Länner hunn ee Bréif ënnerschriwwen, deen d'Responsabilitéit bei der spuenescher Migratiounspolitik sicht. Lëtzebuerg, grad wéi Frankräich, Portugal an Irland, huet dee Bréif net mat ënnerschriwwen a sech hanner Spuenie gestallt. De Premier Luc Frieden huet fonnt, Spuenien hätt d'Situatioun gutt gemeeschtert, esou de Premier am 100,7-Interview

Lauschtert hei déi ganz Erklärunge vun eiser Korrespondentin Agathe Cherki