arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Klimakommissär: Europäesch Energieversuergung ze ofhängeg vun anere Länner

Energie

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

EU-Klimakommissär: Europäesch Energieversuergung ze ofhängeg vun anere Länner

An der Chamberkommissioun mat den Deputéierten aus der Chamberkommissioun fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit betount, datt et wichteg wier, op d'Elektrifizéierung ze setzen, fir séier onofhängeg ze gi vu fossille Brennstoffer, also Pëtrol a Gas.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Wopke Hoekstra | © EPA/OLIVIER MATTHYS
Wopke Hoekstra (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Ee wichtegen Acteur do wier d'Autosindustrie. D'Deputéiert vun déi gréng Joëlle Welfring wollt wëssen, wat d'EU-Kommissioun vu Mesure virgesäit, fir datt Europäesch Autosindustrie bei elektreschen Autoen an de Batterien nees Virreider gëtt.

Déi selwecht Reegele fir jiddereen

Fir de Wopke Hoekstra misst een nees méi op ee faire Wettbewerb setzen.

"Mir musse sécherstellen, datt si net just d'Moyenen hu fir Succès ze hunn, mee och kengen ongerechte Marchésconditiounen ausgesat ze sinn. Dat ass eng vu menge Suergen. Ech si warscheinlech ee vun de wéinegen an der Politik, déi fir Kompetitivitéit an ee fräie Marché sinn." 

Dat géif just klappen, wa jidderee sech un déi selwecht Reegele géif halen, esou de Wopke Hoekstra. 

"Et gëtt an der aktueller Industrie vill onfair Handelspraktiken, wéi Dumping a staark subventionéiert Produiten. A mir kënnen net zouloossen, datt dat esou virugeet an der europäescher Industrie schuet. Si musse kompetitiv sinn, mee d'Conditioune musse fair sinn."

Iwwer der EU-Kommissioun hir Decisioun vun zejoert,de Verbrenner-Aus zeréckzehuelen, gouf net geschwat.

play_arrow Lauschteren