arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun hätt misse méi transparent mat de Commande vu Covid-Impfungen ëmgoen

EU

|
reading time

1 min

EU-Kommissioun hätt misse méi transparent mat de Commande vu Covid-Impfungen ëmgoen

Et hätt misse méi transparent iwwer d'Commande vu Covid-Impfungen informéieren wéi se dat gemaach hunn. Zu der Conclusioun koum een Expert vum Europäesche Geriichtshaff. De Procureur général huet an deem Kontext proposéiert, dat bestoend Urteel an deem Sënn ze confirméieren.

reading time

1 min

AstraZeneca | © Juan Roballo / Bigstock
AstraZeneca (Foto: Juan Roballo / Bigstock)

Eng Decisioun an deem Dossier fält awer eréischt an e puer Méint. 

D'EU-Kommissioun hat bei der Bestellung vu Covid-Impfstoffen a Milliardenhéicht d'Nimm vun deene Leit geschwäerzt, déi d'Commanden opginn hunn. Hei hätt laut Experten awer ee besonnescht Recht op Transparenz bestanen.