arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun recommandéiert Grenzkontrollen am Schengeraum schrëttweis ofzebauen

Grenzkontrollen

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

EU-Kommissioun recommandéiert Grenzkontrollen am Schengeraum schrëttweis ofzebauen

Der EU-Kommissioun no sinn zäitlech limitéiert Grenzkontrollen am Schengenraum am Prinzip méiglech, si missten awer proportional sinn an den negativen Impakt op d‘Bierger:inne muss esou kleng wéi méiglech gehale ginn. Generell sollten des Kontrollen duerch aner Methoden ersat ginn.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Däitsch Grenzkontroll | © picture alliance/dpa | Patrick Pleul
Däitsch Grenzkontroll (Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

Des Avise ware fälleg ginn, well d‘Grenzkontrolle wärend méi wéi 12 Méint duerchgefouert goufen. Dat vun néng EU-Staaten, dorënner och Däitschland.

D‘EU-Kommissioun stellt fest, datt des Länner d‘Kontrollen aus berechtegter Suerg ëm hir Sécherheet a wéinst der Immigratiounssituatioun agefouert hätten. Et wier awer kruzial datt den negativen Impakt fir d‘Bierger:inne minimal bleift, esou Bréissel.

EU-Kommissioun weist op Alternativen zu Grenzkontrollen hin

Mam neien Immigratiounspakt, deen dëse Mount a Kraaft trëtt, an dem neien Entry-Exit System, mat dem all Mouvementer iwwer d‘EU-Baussegrenze kontrolléiert ginn, géifen déi aktuell Kontrollen un de Bannegrenzen hifälleg ginn, gëtt argumentéiert.

Parallel verweist d‘EU-Kommissioun op punktuell Policekontrollen, biometresch Identifizéierung an Tracking-Systemer fir Autoen, déi vill méi efficace wiere wéi Grenzkontrollen.

Generell réit Bréissel an dem Kontext, datt d‘Kontrollen un de Bannegrenze sollen auslafe gelooss ginn an op alternativ Kontrollmethode soll gesat ginn.

An enger nächster Phase wäert d‘EU-Kommissioun sech mat de betraffene Länner zesummesetzen an no Léisunge sichen, fir dat d‘Bannekontrollen net géint de Prinzip vum fräie Mouvement an der EU verstoussen, heescht et nach am Schreiwes vun der EU-Kommissioun. 

play_arrow Lauschteren