arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun wëllt Vakanzelocatioune vun ë.a. AirBnB op lokalem Niveau limitéieren

EU

|
reading time

1 min

EU-Kommissioun wëllt Vakanzelocatioune vun ë.a. AirBnB op lokalem Niveau limitéieren

D’EU-Kommissioun proposéiert Mesurë fir géint Kuerz-Zäit-Lokatioune, wéi AirBnB oder Booking virzegoen. A villen europäesche Stied géif den Drock op de Wunnengsmaart duerch déi Plattformen zouhuelen.

reading time

1 min

© picture alliance / Joko | Joko
(Foto: picture alliance / Joko | Joko)

D’EU-Kommissioun wëll dowéinst de Gemengen an de lokalen Autoritéiten deen néidege legale Kader ginn, fir déi Zort vu Vakanze-Lokatiounen ze limitéieren.

D’EU kann awer op dësem Gebitt keng verbindlech Reegelen opstellen. Dat läit an der Kompetenz vun de Memberlänner. D’Propose vun haut soll den zoustännegen Autoritéiten awer hëllefen, de Maart ze bewäerten an ze decidéieren, wéi eng Mesure kënne geholl ginn, ouni dobäi géint EU-Reegelen ze verstoussen.

D’Propos muss awer nach vum Europaparlament an de Memberlänner gutt geheescht ginn.