arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Mamme-Partei vun der däitscher AfD gëtt op de Leescht geholl

EU

|
reading time

1 min

EU-Mamme-Partei vun der däitscher AfD gëtt op de Leescht geholl

Am EU-Parlament huet sech eng Majoritéit fir eng Enquête géint d’Partei “Europa vun de Souveränen Natiounen”, där déi däitsch AfD ugehéiert, ausgeschwat. Et geet em Verstéiss géint EU-Valeuren. D’Partei kéint EU-Subsiden a Milliounenhéicht verléieren.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Sebastian Kahnert
(Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Kahnert)

Fir d’Enquête, géint d’Partei “Europa vun de Souveränen Natiounen”, hu 414 Europadeputéiert gestëmmt, dergéint waren der 224 an 18 hu sech enthalen. 

Déi rietsextrem Partei steet am Verdacht duerch verschidden Aussoe géint d’EU-Wäerter verstouss ze hunn. Dat geet aus engem Rapport vun der Autoritéit ervir, déi déi europäesch Parteien iwwerwaacht.

Méigleche Verstouss géint EU-Wäerter

Et ass déi éischte Kéier, datt esou eng Prozedur lancéiert gëtt. Dat europäescht Parteie-Gesetz war zejoert reforméiert ginn. Am neie Gesetz gouf de Respekt vun EU-Wäerter als Konditioun fir eng Partei festgehalen.

D’Prozedur, déi elo lancéiert gëtt, kann um Enn dozou féieren, datt d’Partei aus dem europäesche Regëster gestrach gëtt an domat och net méi vun EU-Fonge profitéiere kann.