arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Migratiounspolitik: Sträit war gëschter

REUNIOUN ZU KOPENHAGEN

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

EU-Migratiounspolitik: Sträit war gëschter

Déi dänesch EU-Presidence setzt sech fir “innovativ” Léisungen an der Migratiounspolitik an. Dozou gehéieren Zentren baussent der EU, an déi Migrantinnen a Migranten deportéiert ginn, déi keen Asyl an der EU kruten. Ëmmer méi EU-Länner sinn dofir.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Informelle Meeting vun den EU-Inneministerinnen a Ministeren zu Kopenhagen | © European Union
Informelle Meeting vun den EU-Inneministerinnen a Ministeren zu Kopenhagen (Foto: European Union)

Laang gouf vehement iwwert se gestridden - ma déi Zäite schéngen eriwwer ze sinn: Déi europäesch Migratiounspolitik steet ganz uewen op der Agenda vun der dänescher EU-Presidence.

Dänemark pusht d’Iddi vun “Return hubs”

Déi dänesch Premierministerin huet se zur Chef-Saach gemaach a mécht keen Heel draus, datt si gäre géif duerchgräifen, virun allem andeems nach manner  Migrantinnen a Migranten an d’EU erakommen an der méi nees heemgeschéckt ginn.

Um Dësch léiche konkret Proposen, déi och de Wee fräi maache kéinte fir sou genannten “Return hubs”, esou d’Annonce vun der Mette Frederiksen uganks Juli.

Domat sinn Zentre baussent der EU gemengt, an déi  Migrantinnen a Migrante géifen deportéiert ginn, déi keen Asyl an der EU kruten. An doriwwer hunn um Dënschdeg d’Ministerinnen a Ministeren aus de 27 EU-Länner op enger informeller Sitzung zu Kopenhagen diskutéiert. Dogéint Léisungen an der Migratiounspolitik no baussen ze verleeën, schéngen iwwerdeems ëmmer manner Länner ze sinn.  

Esou Léisunge ginn “innovativ” genannt. Dänemark, wat déi nächst sechs Méint d’Sitzunge vun de Ministeren op europäeschem Niveau leet, setzt sech zënter Joren dofir an.

“Mir brauchen nei Accorde mat Länner baussent der EU”, esou de Kaare Dybvad Bek, den dänesche Minister fir Immigratioun an Integratioun vrun der Reunioun vun den EU-Innenministeren en Dënschdeg zu Kopenhagen.

Däitschland huet seng Positioun geännert

Fir esou Léisunge géif et ëmmer méi Zousproch ënnert de 27 EU-Länner, esou den Dän. De Wand hätt gedréint, besonnesch relevant wier et, datt Däitschland mat där neier Regierung seng Approche geännert hätt.

“Deutschland ist zurück im Team der europäischen Länder, die gegen die illegale Migration vorgehen wollen", confirméiert den däitschen Innenminister Alexander Dobrindt zu Kopenhagen

"Wir unterstützen die Forderung nach Return Hubs. Wir halten das für einen innovativen Ansatz, der zwingend notwendig ist.", esou och den däitschen CSU-Politiker.

Bis elo huet allerdéngs nach keng vun deenen neien Iddien an der Praxis funktionéiert.

Italien ass mat engem Modell an Albanie gescheitert, och Groussbritannien ass mam sougenannte Ruanda Modell net viru komm.

Keng konkret Iddie bis elo um Dësch

Wou soll konkret ugesat ginn, konnt zu Kopenhage kee genee soen. Vill méi gouf de Ball, wien hei misst aktiv ginn, fir d’Iddi vun den Zentre baussent der EU virunzedreiwen, hin an hir gespillt.  

Hie géif sech elo net gesinn, ronderëm ze reesen an nom richtege Partnerland ze sichen, huet den dänesche Minister no der Reunioun op der Pressekonferenz zu Kopenhage verséchert. Dat wier d’Aufgab vun der Kommissioun, esou den Dän.

Den zoustännegen EU-Kommissär Markus Brunner, awer huet ofgewonk. D’Kommissioun hätt am Mäerz een neit Gesetz fir d’Retoure proposéiert, wat de Länner déi néideg Flexibilitéit gëtt fir esou Zentren opzemaachen. Eventuell Accorde matt Drëttlänner missten awer vun den EU-Memberstaate selwer ofgeschloss ginn.  

Verschiddener froen Diskussioun iwwert EU-Grondrechter

Dorun, datt et mat dem Nobausseverleen vun der Migratiounspolitik nach net geklappt huet, sinn ënner anerem Geriichtsurteeler schold.

Och do schrecke verschiddener net zeréck, den Terrain fir Ännerungen ze präparéieren. Politesch Decisioune wieren duerch d’Interpretatioun vun de Geriichter vun der Europäescher Konventioun iwwert d’Mënscherechter limitéiert, haten néng EU-Länner an engem  Bréif festgehalen an een oppenen Debat doriwwer gefrot.

Soll een esou wäit goen, EU-Recht ze änneren? Dat gouf zu Kopenhagen ënner anerem de Lëtzebuerger Innenminister Léon Gloden gefrot. Hien huet net direkt drop geäntwert.

“Wir unterstützen innovative Lösungen aber Rechtsprechung durch die Gerichte gesprochen, durch den Europäischen Gerichtshof und nicht durch die Politiker.”

Léon Gloden: Lëtzebuerg steet un der Säit vun Däitschland

Och Lëtzebuerg stéing zënter 2023 fir eng nei Migratiounspolitik, stellt den CSV-Minister kloer, virun allem am Kampf géint déi illegal Migratioun

“Wir sind an der Seite Deutschlands. Wir sind bei den “like-minded states”, das waren wir seit November 2023 und daran hat sich auch nichts geändert.”

Bis elo huet de Grand Duché sech net zum Camps vun deenen EU-Länner gezielt, déi besonnesch haart wëllen an der Migratiounspolitik virgoen. Um leschten EU-Sommet hat Däitschland sech deem Groupe vun elo 20 EU-Länner ugeschloss. 

play_arrow Lauschteren