2013 ass Kroatie Member vun der EU ginn. Zënterhier ass d’Europäesch Unioun net méi gewuess.
An zwee Joer awer kéint et nees esou wäit sinn.
Montenegro: Bäitrëtts-Kontrakt kéint 2027 ënnerschriwwe ginn
2028 den 28. Member vun der Europäescher Unioun ginn: Dat erkläerten Zil vu Montenegro ass realistesch. Där Meenung ass allzäit déi Europäesch Kommissioun, wéi aus engem Rapport, deen e Mëttwoch publizéiert gouf, ervir geet.
"Montenegro ass am nooste bei der Arrivée, et ass um gudde Wee, den EU-Kontrakt bis nächste Summer ze ënnerschreiwen."
Dat huet d’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas e Mëttwoch Nomëtteg op enger Pressekonferenz zu Bréissel festgehalen.
Bis Enn des Joers kéinten all d’Kapitele vun de Verhandlungen ofgeschloss sinn, confirméiert d’EU-Kommissärin Marta Kos, déi fir d’Erweiderung zoustänneg ass.
Dono ass et dann un de Memberlänner, Gréng Luucht ze ginn. Geschitt dat, kéint d’Land effektiv 2028 Member vun der EU ginn, esou d’Marta Kos.
Keen Datum fir een EU-Bäitrëtt fir d’Ukrain
Zu deenen, déi ganz vir sinn, gehéieren och Albanien, d’Republik Moldau an d’Ukrain.
De Progrès vu Moldau gëtt dobäi méi staark ervirgehuewe wéi dee vun der Ukrain, wat seng Reformen nach "méi séier" ëmsetze misst.
Een Datum, wéini d’Land am Krich kéint EU-Member ginn, wollt d’EU-Kommissärin net nennen.
"Enn vum nächste Joer kann ee wuel méi genee soen, wéi séier d’Ukrain virukënnt."
Virdrun am Europaparlament hat sech d’EU-Kommissärin géint de Reproche vu Vertrieder vu rietse Fraktioune gewiert, d’EU géif der Ukrain ee speziellen Traitement ginn.
"Ech géif gären engem Land am Krich eng Zort Rabatt ginn. Mee dat maache mir net. Mir froe genee dat selwecht wéi vun deenen aneren. An dat ass gutt esou."
Spezialfall Serbien: "Eng Chance fir en neie Start"
Serbie gëtt nom rezente politesche Wiessel am Land als Spezialfall behandelt. Am Erweiderungsprozess gëtt et zënter 2021 kee Fortschrëtt méi. Dat wéinst den demokrateschen Defiziter am Land.
"D’Land huet elo d’Chance fir nei unzefänken", esou d’Slowenin Marta Kos. D’Dir vun der EU wier nach ëmmer wäit op.
Als Schlussliichter am Prozess nennt d’Kommissioun Georgien: D’Land ass just nach per Numm een EU-Kandidat.
"Eng traureg Geschicht", esou een EU-Diplomat. Wéinst de Réckschrëtter a Saachen Demokratie an der Repressioun géint d’Oppositioun läit den Erweiderungsprozess zënter zwee Joer op Äis.
Och nach offiziell EU-Kandidat, mee zënter 2018 aus der Course, ass d’Tierkei, mat där et awer aus strategesche Grënn wichteg wier, gutt zesummenzeschaffen, betount d’Erweiderungs-Kommissärin.
Um Enn mussen EU-Memberlänner Gréng Luucht ginn
Egal ob Montenegro, Moldau oder d’Ukrain: Member kënne se just ginn, wann d’EU-Länner Jo soen.
Si dierfen deem Prozess net duerch national Interêten am Wee stoen. Dorop hunn eng Partie EU-Deputéiert gepocht, wéi zum Beispill déi gréng Europadeputéiert Hannah Neumann.
"Wa si hir Hausaufgabe maachen, musse mer si och eraloossen."
Am Moment wieren d’Memberlänner mat u Bord, ënnersträicht iwwerdeems d’EU-Kommissärin. De Prozess kéim esou séier viru wéi nach ni.
"Dëst Joer huet den Erweiderungsprozess méi geliwwert wei wärend de leschte 25 Joer."
Nach ni wier d’Erweiderung geostrategesch esou wichteg gewiescht, seet d’Marta Kos. D’EU hätt fir d’éischte Kéier an hirer Geschicht Géigner, déi drop hischaffen, se ze zerstéieren.
Et misst ee sech bewosst sinn, esou d’EU-Kommissärin fir d’Erweiderung, datt d’Europäesch Unioun net sécher ass, esou laang si hir Noperen net mat an d’Boot hëlt.