Radioen

On air

Moiesstudio  |  Destroyer - It Takes A Thief

play_arrow Live
search

/ Urteel vum Europäesche Geriichtshaff: Oligarch Mikhail Fridman verléiert an 1. Instanz

EU-Sanktiounslëscht

Urteel vum Europäesche Geriichtshaff: Oligarch Mikhail Fridman verléiert an 1. Instanz

Um Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg gouf et de Moien eng juristesch Néierlag fir de russeschen Oligarch Mikhail Fridman. Dee wëll 15 Milliarden Euro Schuedenersatz vu Lëtzebuerg, well de Grand-Duché säi Verméigen op Grond vun EU-Sanktiounen am Zesummenhank mam Ukrain-Krich agefruer huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Haut huet den Oligarch um Europäesche Geriichtshaff an 1. Instanz verluer. An den Ae vun den europäesche Riichter:inne war den EU-Conseil nämlech kompetent, fir Obligatiounen anzeféieren, op Grond vun deene Leit, déi op enger Sanktiounslëscht stinn. Och dem Mikhail Fridman säin Numm ass am Juli 2022 op déi EU-Sanktiounslëscht komm.

D’Persounen, déi dorop stoungen, hate bis September 2022 Zäit hir Fongen ze deklaréieren a mat den zoustännegen Autoritéiten zesummeschaffen. Sollt dat net geschéien, géif dat gläichgesat gi mat engem Ëmgoe vun den EU-Mesuren. Ënner anerem de Mikhail Fridman hat den Europäesche Geriichtshaff saiséiert, fir déi Obligatiounen annuléieren ze loossen.

Fridman huet Prodédure d'arbitrage ugefrot

Déi éischt Riichteren um Kierchbierg hunn haut awer dem Oligarch säi Recours zréckgewisen. D’europäescht Recht géif et dem EU-Conseil erlaben, restriktiv Mesuren z’ergräifen, fir dass déi an all Memberland kéinten ëmgesat ginn. Dozou géifen och sou Obligatioune gehéieren.

De Premier Luc Frieden hat d’lescht Woch d’Klo vum Mikhail Fridman géint Lëtzebuerg public gemaach. Mëtt August hätt den Oligarch eng Procédure d’arbitrage ugefrot, virun engem Schidsgeriich. Zu deem Arbitrage géif et wuel an Asien kommen. De Grand-Duché gëtt an dësem Rechtssträit, deen e puer Joren dauere kéint, vun der Affekotenetüd A&O Shearman vertrueden.

Lauschterenplay_arrow