Allerdéngs si sech d'Länner doriwwer eens, datt iwwert "innovativ" Pisten fir d'Retouren an d'Ofwéckelen vun Asylprozeduren soll diskutéiert ginn. Och Lëtzebuerg ass prett fir déi Diskussioun - wat genee ass am Gespréich? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin.
Eng Pist wiere Plattforme fir d’Retoure baussent der EU. Lëtzebuerg wier oppen, doriwwer ze diskutéieren. Dat hat déi lescht Woch den Innenminister Léon Gloden am 100,7-Interview gesot.
De Premier Luc Frieden wäert um EU-Sommet haut zu Bréissel dobäi sinn. Hie war scho gëschter um Mëttoch fir de Sommet mat de Golfstaaten an déi belsch Haaptstad gereest.
Um EU-Sommet gëtt och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj erwaart. Hien huet wëlles, de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner säi Plang fir eng Victoire am Krich mat Russland ze presentéieren.