Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Staats- a Regierungscheffe warne viru Stroftaxen

"Keng Gewënner an engem Handelskrich"

EU-Staats- a Regierungscheffe warne viru Stroftaxen

D’Positioun vun Europa an der Welt, dat ass ee vun den Haaptsujeten haut um EU-Sommet zu Bréissel. Mat Bléck op de Wiessel am Wäissen Haus geet et hei haaptsächlech ëm déi transatlantesch Relatioun tëscht der EU an den USA. Um Sommet hunn eng Partie EU-Staats-a Regierungscheffe viru Stroftaxe gewarnt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: EU

An engem Handelskrich géifen et keng Gewënner ginn – do ware sech d’Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun eens. An deem Fall géif China haart laachen, sou d’Warnung vun der EU-Baussebeoptraagten Kaja Kallas. elo wier et wichteg, zesummenzehalen.

Wéinst den aktuelle Problemer bei de Stoolproduzente huet den däitsche Kanzler fir eng grouss Stolkonferenz plädéiert. Dem Olaf Scholz wier et wichteg, keng Dumpingpolitik en vue vun Douanestaxen ze maachen.

"Wir sollten nicht vergessen, Europa ist mal gestartet als Europäesche Gemeinschaft für Kohle und Stahl. Und jetzt sollte mir die Stahlindustrie zukunftsfest machen, gemeinsam um Europa."

Luc Frieden: Op Aenhéicht mam Donald Trump schwätzen

Stroftaxe wieren ëmmer schlecht, där Meenung ass och de Lëtzebuerger Premier. Dem Luc Frieden no muss sech Europa asetze fir ee fräien Handel - wann et misst sinn, sollt een awer entspriechend reagéieren.

"Mir musse staark optriede vis à vis vun Amerika a mir mussen och an Amerika e Frënd a Partner gesinn. An dofir gesinn ech dat vill manner opgereegt. Et muss een op Aenhéicht mam amerikanesche President schwätzen, net him nolafen, mee en als Partner gesinn an dann sou mat him schwätzen, wéi hien héchstwarscheinlech mat eis schwätzt. Dat heescht mat Determinatioun."

D'Ukrain zielt op den Donald Trump

Den ukrainesche President Wolodymyr Zelenskyj hofft sengersäits op ee Support vum zukünftegen amerikanesche President. Mat wéi enge Gefiller kuckt hien op de Wiessel am Wäissen Haus? 

"Which emotions...? Welcome Donald! ..."

De Wolodymyr Zeleskyj hofft op Versteesdemech vum neien amerikanesche President, an dorop datt hien him méi am Detail erkläre kann, wat a sengem Land lass ass.

Lauschterenplay_arrow