Beim Treffen zu Bréissel soll et ënner anerem drëm goen, wéi d‘Ukrain méi Rakéite fir de Loftofwiersystem Patriot kréie kann.
US-Lizense fir d'Ukrain?
Vun den USA soll d‘Ukrain Lizenze kréien, fir d‘Patriot-Rakéite selwer kënnen ze produzéieren. Dat hat den US-President Donald Trump rezent zu New York um Bord vun der UN-Vollversammlung no engem Gespréich mam ukrainesche President confirméiert.
Nei Attacken
Kiew seet zënter Méint, datt d‘Ukrain déi russesch Attacken net méi gutt kéint ofwieren.
Hënt huet Russland d‘Ukrain nees ugegraff: Zu Charkiw goufen den Autoritéiten no 15 Leit blesséiert.
Yuriko Backes net zu Bréissel
Déi Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes (DP) ass net zu Bréissel dobäi: Si ass haut zu Miersch fir d‘Zeremonie vum Wiessel un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Arméi. De Steve Thull geet an d‘Pensioun. Neie Chef d‘Etat Major gëtt de Claude Robinet