arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ebola-Ausbroch an der Demokratescher Republik Kongo esou déidlech wéi nach ni

Ebola

|
reading time

1 min

Ebola-Ausbroch an der Demokratescher Republik Kongo esou déidlech wéi nach ni

Den aktuellen Ausbroch vun Ebola an der Demokratescher Republik Kongo ass deen déidlechste jeemools. Bis elo wieren iwwer 2.300 Mënschen um Virus gestuerwen, huet dat nationaalt Gesondheetsinstitut matgedeelt.

reading time

1 min

© EPA/MARIE JEANNE MUNYERENKANA
(Foto: EPA/MARIE JEANNE MUNYERENKANA)

Et goufen deemno elo scho méi Doudesaffer wéi bei den Ebola-Epidemien 2018 an 2020. D‘Zuel vun de confirméierten Infektiounen ass op bal 5.000 geklommen.

D‘Epidemie gouf duerch en Ebolavirus ausgeléist, fir deen et den Ament keen Impfstoff gëtt.