De fréiere Premierminister Mateusz Morawiecki gouf gëschter zesumme mat 40 anere PiS-Memberen aus der Partei ausgeschloss.
Nei Partei soll gegrënnt ginn
Dat, well hie refuséiert eng Associatioun opzeléisen, déi hie bannent der Partei gegrënnt huet. Hien huet elo annoncéiert eng eege Partei ze grënnen.
"Mir hu keng politesch Partei gegrënnt, well mir bis zum Schluss gekämpft hunn, fir zesummen ze bleiwen. Awer elo, wou eis Memberschaft bei der PiS net méi gëlteg ass a mir aus der Partei ausgeschloss goufen, kann ech Iech soen, datt mir eis eege Partei grënnen. Ech ka bestätegen, datt dat spéitstens de 15. Oktober geschéie wäert."
E Spriecher vun der PiS-Partei huet iwwerdeems gemengt d'Partei géif elo, duerch d'Ausschléisse vum Morawiecki, en Opschwong erliewen. D'Splécke vun der Partei kéint awer mat grousser Warscheinlechkeet dem aktuelle Premier Donald Tusk an d'Kaarte spillen.
Text vun eisem Korrespondent Adrien Sarlat