arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Rekordjoer fir d'SNHBM: Esou vill Chantieren ugefaange wéi nach ni

Logement

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ee Rekordjoer fir d'SNHBM: Esou vill Chantieren ugefaange wéi nach ni

473 Logementer wieren ugefaange ginn. Dat wieren der 172 - also 57 Prozent - méi wéi nach dat Joer virdrun. 288 wiere fäerdeggestallt ginn, esou den Direkter vum ëffentleche Promoteur, de Guy Entringer, bei der Presentatioun vum Joresrapport 2025.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Michelle Barthel
(Foto: Michelle Barthel)

E weesentlechen Deel dovunner kënnt aus dem VEFA-Programm vum Staat. Den Ament sinn iwwer 1.300 Logementer an der Bauphas. Dat wier ee Plus vu 15 Prozent. 

An den nächste Jore géif och d'Locatioun ee méi grousse Volet fir d'SNHBM ginn, esou de Guy Entringer. 

Locatioun soll staark ausgebaut ginn

Haut hätt een am Ganzen 624 Unitéiten mat engem Duerchschnëttspräis vu ronn 5,80 Euro pro Meterkaree. Bis 2028 wéilt een awer op iwwer 1.100 Wunnenge kommen, betount den Direkter. 

"Mir wäerten eise Parc locatif an dräi Joer verduebelen. Domat kënne mir weesentlech méi Offer schafe fir eng abordale Locatiounswunneng. An dat kënnt zustanen duerch eis eege Wunnengen, déi mir bauen. Mee och duerch déi VEFA-Programmer vum Staat, wou mir en Deel vun de Wunnengen ze geréiere kréien." 

D'Nofro ass grouss: Aktuell sinn iwwer 8.000 Leit fir de Kaf vun enger Wunneng enregistréiert a bal 6.000 Leit stinn op der Waardelëscht fir ze lounen. 

Héije Benefice, deels duerch aussergewéinlech Recetten

D’Societéit huet zejoert ronn 20 Prozent méi Ëmsaz gemaach a mat iwwer 10 Milliounen Euro hu si och den héchste Benefice bis elo erziilt. Vun deenen 10 Millioune sinn awer 5 Milliounen aussergewéinleche Recetten dobäi, déi näischt mat der normaler Aktivitéit vun der Constructioun ze dinn hunn.

"Mir hu verschidde Ventë gehat vun Terrainen op dräi Sitten, déi extraordinär waren. Mir hunn och verschidde Projeten ofgeschloss, déi hors logement waren, wéi d'Maison pour tous zu Elmen an eng Maison des Jeunes fir d'Stad Lëtzebuerg." 

Fir der SNHBM hiert mëttelfristeg Zil an Zukunft am Duerchschnëtt 350 bis 400 nei Logementer pro Joer ze bauen, ze erreechen, wier d’Sich no neien Terrainen eng grouss Erausfuerderung, bei där een och op de Staat géif setzen, esou nach de Guy Entringer.

play_arrow Lauschteren