Et ass awer och ee Signal un den US-President Donald Trump, dee jo ëmmer nees domat dréit, datt hien d'Kontroll iwwer Grönland wëllt hunn. D'Erëffnung vu béide Konsulater wier eng éischt Victoire fir d'Grönlänner.
Presenz gëtt "appreciéiert"
Déi hate kloer gestallt, si wéilten net vun den USA annektéiert ginn, mee da léiwer weiderhin zu Dänemark gehéieren. Am 100,7-Interview hat den däneschen Europadeputéierten Villy Sovndal gesot, eng méi grouss europäesch Presenz a Grönland kéint d'USA zeréckhalen.
D'Argument vum Donald Trump, Grönland wier net genuch geséchert, hat ënner anerem Frankräich konnten novollzéien. Datt Frankräich an och Kanada elo duerch d'Konsulat nach méi present wieren op der Insel, géif enorm appreciéiert ginn, heescht et.