arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een dräi Joer ale Bouf ass an engem Auto gestuerwen deen an der Sonn stoung

Frankräich

|
reading time

1 min

Een dräi Joer ale Bouf ass an engem Auto gestuerwen deen an der Sonn stoung

D‘Elteren hunn hire Bouf gëschter am Auto fonnt, dee virun hirem Haus stoung. Der Agence France no hätten d‘Elteren den Autoritéiten erkläert: D‘Mamm hätt eng Sieste mat hirem zweet Kand gehalen. De Papp hätt an engem Gaardenhaische geschafft.


reading time

1 min

© EPA/YOAN
(Foto: EPA/YOAN)

De Papp hat sengem dräi Joer ale Fils och gesot, e soll raschten. De Bouf wier awer du vum selwen an den Auto geklommen, ouni datt d‘Elteren et gemierkt hunn.

Den Auto war net zougespaart an d‘Elteren hunn hiert Kand spéider am Auto fonnt. Si hätte probéiert, de Bouf ze reaniméieren, mee et war ze spéit.

Héchsten Niveau vu sanitärer Mobiliséierung 

Wéinst der aktueller Canicule, ënner anerem a Frankräich, huet déi franséisch Regierung de sougenannte Plan Orsan op den Niveau 3 eropgesat. Dat ass deen héchsten Niveau vu sanitärer Mobiliséierung, esou de Premier Sébastien Lecornu.

Déi drëtt Phas vun dem Plang mécht et virun allem méiglech, d'Effektiffer an de Klinicken ze verstäerken. Ënner anerem andeems op déi sanitär Reserv kann zeréckgegraff ginn, huet de Premier erkläert. 

Och a Spuenien ass d'Hëtztwell extreem. De spuenesche Gesondheetsinstitut zu Madrid matgedeelt, datt wéinst der Hëtzt 212 Persounen tëschent dem leschte Sonndeg a gëschter gestuerwe sinn.