arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Éisträich gewënnt den ESC - Lëtzebuerg kënnt op déi 22. Plaz

Eurovision Song Contest

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Éisträich gewënnt den ESC - Lëtzebuerg kënnt op déi 22. Plaz

Éisträich ass de Gewënner vun der 69. Editioun vum Eurovision Song Contest. Mat am ganze 436 Punkte loung de Sänger JJ mam Lidd “Wasted Love” um Enn vum Owend virun Israel an Estland. Lëtzebuerg ass mat insgesamt 47 Punkten op déi 22. vu 26 Plaze komm. 

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Den ESC-Gewënner JJ aus Éisträich. | © Corinne Cumming/EBU
Den ESC-Gewënner JJ aus Éisträich. (Foto: Corinne Cumming/EBU)

Um Enn vun enger iwwer 3 Stonne laanger Show war et eng spannend Punkteverdeelung. Déi berüümten “12 Points” hunn d’Juryen dëst Joer ganz ënnerschiddlech verdeelt. Zum Schluss war et eng Course ënner anerem tëschent Éisträich, Israel, Frankräich an Italien.

Éisträich war dann de Gewënner am Jury-Vott, an Israel de klore Gewënner beim Publikumsvott.

D’Gewënner-Lidd “Wasted Love” verbënnt klassesch Gesangskonscht mat Pop- an Elektro-Elementer. Am Text geet et ëm d’Erfarung vun eesäiteger Léift.

De 24 Joer ale Sänger JJ, dee mat gebiertegem Numm Johannes Pietsch heescht, ass deen 3. konsekutive queere Gewënner vum ESC, nom Nemo d’lescht Joer an der Loreen virlescht Joer, an hien ass och den drëtte Gewënner aus Éisträich an der Geschicht vun der Eurovisioun. Fir hien eng grouss Éier.

“Love is the strongest force on earth. Hate is the worst thing that can be spread. So make sure to spread love.”

Liicht Enttäuschung an Erstaunen

Iwwer eng 22. Positioun wier een net enttäuscht, och wann ee sech méi erhofft hat, esou d’Lëtzebuergerin Laura Thorn no der Finall

“Ech wier enttäuscht gewiescht, wann ech net an d'Finall komm wier. Dat Jo. Mee, jo, ech mengen, de Voting war extreem onerwaart. A vläicht kann ech dat aus deem Grond esou gutt schlécken, well lauter Länner, déi Favoritte waren, souguer manner Publikum-Votte krute wéi mir. An dat Ganzt war einfach e bëssi confusing an dowéinter maachen ech mir eigentlech net allze vill Gedanken.”

Datt d’Lidd “La poupée monte le son”, mat deem d’Laura Thorn Lëtzebuerg vertrueden huet, virun allem bei de Juryen net esou gutt ukomm ass, an dat obwuel et vu Paräisser Produzente bewosst international ausgeriicht war, erkläert sech den Delegatiounschef David Gloesener esou.

“Et muss ee soen, dass dëst Joer natierlech ganz vill gutt Konkurrenz do war fir d'Jury. A wann ee gesäit, wéi d'Jurye gevoted hunn, gesäit een einfach, dass se qualitativ héichwäerteg Sänger och ausgezeechent hunn. Et sinn e puer Votten derbäi, déi een, éierlech gesot, net ganz erkläre kann. Mir sinn erstaunt, dass mer zum Beispill vun de Francophone-Länner, wéi Frankräich oder Belsch, iwwerhaapt keng Punkte kritt hunn. Do musse mir soen, dat hate mir eis natierlech komplett anescht erwaart. Dat ass e bësse schued.“

Déi meeschte Jury-Punkte krut Lëtzebuerg aus Holland, Montenegro a Groussbritannien. Beim Publikumsvott koumen déi meeschte Stëmme fir Lëtzebuerg aus Montenegro, Albanien a Slowenien.

2026 ass den Eurovision Song Contest dann an Éisträich. A wéi enger Stad ass awer nach ongewëss.

play_arrow Lauschteren