No enger Entrevue tëschent der Defenseministesch Yuriko Backes an hirer éisträichescher Homologin Klaudia Tanner gouf bekannt, datt déi militäresch Kooperatioun tëschent béide Säite soll ausgebaut ginn.
Am Hibléck op de Krich an der Ukrain wier et wichteg, datt demokratesch Staaten hir militäresch Responsabilitéit géifen iwwerhuelen, huet et op enger Pressekonferenz geheescht.