arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éiwegkeetschemikalië PFAS och am Mineralwaasser, mee net am Drénkwaasser ze fannen

Ëmwelt a Gesondheet

|
reading time

2 min

Éiwegkeetschemikalië PFAS och am Mineralwaasser, mee net am Drénkwaasser ze fannen

Praktesch iwwerall an der Natur an an der Liewensmëttelchaine ass d'Éiwegkeetschemikalië PFAS ze fannen, wéi d‘Agrarministesch Martine Hansen an den Ëmweltminister Serge Wilmes an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen erklären.

reading time

2 min

Symbolbild | © picture alliance / NurPhoto | Bastiaan Slabbers
Symbolbild (Foto: picture alliance / NurPhoto | Bastiaan Slabbers)

A véier vu sechs lëtzebuergesche Quellen, déi fir d‘Produktioun vu Mineral- oder Quellewaasser genotzt ginn, ass bei der Miesscampagne vum leschte Joer d‘Moleküll TFA nogewise ginn. Eng Moleküll, déi zu de sougenannten Eiwegkeetschemikalien oder PFAS gehéiert.

Keng Gefor fir d'Liewensmëttelsécherheet

Wéi et an der Äntwert heescht, wieren d‘Konzentratioune vum TFA bekannt. Si wieren aus der Siicht vun der Liewensmëttelsécherheet awer keng Gefor.

D‘Quelle ginn iwwregens reegelméisseg op PFAS an TFA hin iwwerpréift. D‘Ministere verweisen an hirer Äntwert op eng Analysecampagne vum leschte Joer, bei der sämtlech Mineralwaasser, déi op Lëtzebuerg importéiert ginn, iwwerpréift goufen.

Nieft Pestizidereschter, Nitrater a virun allem Fluor goufen och a 85 Prozent vun alle gepréifte Mineralwaasser Spuere vun TFA nogewisen. Och hei loungen d‘Wäerter laut Rapport ënner dem Bedenklechkeetsniveau.

Ministere setzen op Preventioun

Wat d‘Drénkwaasser zu Lëtzebuerg ugeet, esou weisen déi meescht Prouwe keng Spuere vu PFAS. Beim TFA gëtt et dogéint eng Tendenz no uewe beim SEBES -Waasser aus dem Stauséi. Hei dierfte méi Facteuren zesumme spillen, heescht et, ouni weider Detailer.

Op alle Fall misst een d‘Problematik duerch Preventioun ugoen. Dat géif och d‘europäesch Waasserschutzlinn esou virgesinn. D‘Erausfiltere vun dëse Substanzen aus dem Drénkwaasser ass keng Alternativ, well d‘Technik immens opwenneg ass an d‘Drénkwaasser doduerch e gutt Stéck méi deier géif ginn.