Elo déi 5. wäertvollst Firma weltwäit: SpaceX huet KI-Startup Cursor iwwerholl
Just e puer Deeg nom Rekord-Bourseen-Debut vu SpaceX huet de Weltraum a KI-Konzern elo d‘KI-Start-Up „Cursor“ offiziell fir 60 Milliarden Dollar iwwerholl. Dat geet aus engem Communiqué ervir. Domat ass SpaceX elo déi fënneft wäertvollst Firma weltwäit, virun Amazon a knapp hanner Microsoft.
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Samuel Boivin)
Cursor mécht Software-tools, déi de Programméierer dobäi hëllef sollen, fir Codë méi effizient ze schreiwen a Feeler méi séier ze behiewen. D‘Acquisitioun ass ee wichtege Schrëtt am Techmilliardär Elon Musk seng Efforten, fir mat senge Konkurrente wéi Anthropic oder OpenAI am Beräich vun de Programméier-Instrumenter matzehalen.
D‘SpaceX Aktie huet virum Optakt vun de Bourssen däitlech zougeluecht.