Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Divorce - All My Freaks

play_arrow Live
search

/ Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

Sot emol

Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

D’Emma Lily Karier ass Musekerin, Saxophonistin an och Sängerin, Dirigentin, an nach villes méi. D’Emma Lily Karier, iwwregens och Duechter vum Lëtzebuerger Acteur Steve Karier, huet déi ganz Musek vu Klengen un erop geléiert, an ass aktuell op der Universitéit für Musik und darstellende Kunst zu Wien. An huet do am Mee hire Bachelor of Arts fäerdeg gemaach, a fänkt elo dann hire Masterstudium un.

auto_stories

3 min

Foto: Jean-Claude Majerus

Bei d’Musek ass d’Emma Lily Karier iwwert d’Lampertsbierger Himmelsdéiercher, enger Kannerchorale, komm, an dono goung et weider mat der Lampertsbierger Musek. Als Instrument huet si de Saxofon gewielt, an hir Eltere ware vun Ufank mat derbäi, si op hirem Wee ze ënnerstëtzen.

“Mir sinn dunn op d’Lampertsbierger Musek komm, well dat e Moyen war en Instrument ze léinen. An do ass gesot ginn: Majo, da fërdere mir d’Kand direkt, da gëtt et an d’Jugendmusek gesat. Ech hunn eben um Ufank op engem geléinten Instrument gespillt, bis ech dann no e puer Joer mäin éischt eegent kritt hunn.”

De Choix tëscht Sport a Musek

D’Emma Lily Karier huet sech awer zu engem Ament tëscht dem Sport an de Musek mussen decidéieren, well béid Saache parallel ze maache war praktesch onméiglech.

Si war deemools scho 7 Joer an der Zirkusschoul an hiren Trapezcours freides gouf duerch hire Saxofonscours ersat.

“An do hunn ech gesot: D’Accord, da war et dat elo mat der Zirkusschoul. Mee ech ginn an de Saxofonscours, an dat war den Ufank vu ganz, ganz, ganz ville Stonnen am Conservatoire, mat all méigleche Couren an dat quasi all Owend bis 21 oder 22 Auer am Conservatoire.”

De Beruffswonsch Musekerin

D’Emma Lily Karier ass a punkto Musek, fir emol en Ausdrock aus dem Poker ze huelen, en “All In” gaangen. Vill Stonnen am Conservatoire, mee och am Lycée ass si op F-Sektioune gaangen, also d’Musekssektioun.

Si huet wuel net ëmmer agesinn, wat ënnert anerem déi intensiv Museksgeschicht op der F-Sektioun soll,  mee et ass hir spéider awer ze gutt komm.

“Herno op der Uni bréngt dat engem schonn einfach eppes, wann een dat scho virdru geléiert huet. Ech hat meng éischt zwee Joer Museksgeschicht op der Uni, do war näischt wat ech net scho kannt hunn Et war just eng Widderhuelung vu menger Première.”

Wien ass eng Museksstad

Fir de Studium huet et d’Emma Lily Karier dunn an déi éisträichescher Haaptstad Wien gezunn, well fir si ass Wien eng Museksstad. An et ass jo och de richtege Wee wann ee wëll Konscht maachen, datt een an eng vun den Haaptkonschtstied geet, a fir d’Emma Lily Karier war dat ebe Wien.

“Wien huet einfach e Charme. Ech hunn um Ufank geduecht, dat kéint fonctionéieren, an elo sinn ech säit fënnef Joer do an et fonctionéiert absolut. Dofir bleiwen ech och elo do. An déi Stad huet einfach an hirem Wiesen als Stad eppes, wat mech faszinéiert.”

“D’Kënschtlerliewe war mir net friem”

D’Emma Lily Karier wat sech scho bewosst, zumools mat engem Papp, dee Schauspiller ass, datt een an engem artistesche Beruff dacks owes schafft an eben och zu Zäiten, wou all déi aner fräi sinn.

“Et ass en Deel vun eisem Familljeliewen. Eis géif et langweileg ginn doheem mat mengen Elteren, wa mir allen Dräi um sechs Auer Owes géifen heem kommen. Mir kennen dat guer net. Mir fonctionéieren als Famill och esou, wa mir eis freides Owes kënne gesinn (...) Jo, wa mir eis gesinn, da feiere mir déi Zäit richteg.”

“An eisem Metier”

D’Artisteliewe war d’Emma Lily Karier vun doheem aus scho gewinnt, an dat huet si net dru gehënnert, och den artistesche Wee ze goen. A si erënnert sech och nach ganz genee un een Ament mat hirem Papp Steve Karier, nodeems si den Opnamexame fir op d’Uni gepackt hat.

“Et war kloer, dass mir Allenzwee an der Konscht iergendwéi ënnerwee sinn, mee säit ech et studéieren huet hien iergend eng Kéier gesot: 'An eisem Metier'. Dat war déi éischte Kéier, datt hien eise Metier gesot huet (...) Et war esou: 'Elo hunn ech et iergendwéi gepackt.'”