An engem Schreiwes heescht et, datt Lëtzebuerg de Pakt vu Glasgow, deen op der Klimakonferenz virun zwee Joer decidéiert gouf, zu honnert Prozent ënnerstëtzt. Dozou gehéiert och d‘Reduktioun vun den Zäregaser ëm 55 Prozent bis 2030.
D‘Energieversuergung dierft deemno d‘Klimaschutzziler net a Fro stellen. Lëtzebuerg géif sech och fir Solidaritéit mat den Entwécklungsstaaten engagéieren, déi besonnesch vum Klimawandel betraff sinn.