arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmweltministère: Lëtzebuerg hätt seng Klimaziler 2025 erreecht

Klima

|
reading time

2 min

Ëmweltministère: Lëtzebuerg hätt seng Klimaziler 2025 erreecht

De provisoresche Bilan fir d‘Joer 2025 géif weisen, datt d‘Zäregas-Ausstéiss zu Lëtzebuerg zejoert nach eemol ëm 3,5 Prozent, am Verglach zum Joer virdrun, zréck gaange wieren. Domat hätt Lëtzebuerg dat sechste Joer hannereneen seng Ziler erreecht.

reading time

2 min

Serge Wilmes | © © SIP / Claude Piscitelli
Serge Wilmes (Foto: © SIP / Claude Piscitelli)

Bei der Reduktioun vun CO2, an anere klimaschiedlechen Zäregaser, hätt Lëtzebuerg zejoert, fir dat sechste Joer hannereneen, seng Ziler erreecht. Wéi den Ëmweltministère an engem Communiqué matdeelt wieren d‘Zäregas-Ausstéiss par Rapport zum Referenzjoer 2005, zejoert ëm 36,4 Prozent gefall. 

Ausstéiss vu groussen Industrië sinn net inclus

Am Joer 2025 wieren hei am Land insgesamt 6,43 Milliounen Tonnen CO2 Ausstéiss gemooss ginn, dat waren 230.000 Tonne manner wéi am Joer virdrun. 

Domadder erreecht de Grand-Duché zwar seng CO2 Reduktiounsziler. An där Berechnung sinn déi grouss Industrien awer net mat integréiert ginn, wéi am Communiqué präziséiert gëtt. 

Industrie: Hausse vu bal 17 Prozent 

Déi Konzerner ginn iwwert den ETS, den europäeschen Emissiounsquote System ofgewéckelt, a sinn dowéinst net am nationale Bilan mat berücksichteg ginn. Déi Emissioune sinn awer zejoert am Verglach mam Joer virdrun em 16,9 Prozent geklommen.

Am Communiqué vum Ëmweltministère gëtt präziséiert datt déi Entreprisë wéinst der schlechter Konjunktur 2024 manner produzéiert – an dowéinst och manner CO2 ausgestouss hunn. Et geet do em 20 grouss Industriebetriber an em d’Aviatioun.

Transportsecteur: 57 Prozent Emissiounen

Dee gréissten Deel vun den Zäregas-Emissiounen zejoert hei am Land huet weider den Transportsecteur ausgemaach, mat ronn 57 Prozent. Dës sinn bannent engem Joer domat iwwert sechs Prozent erofgaangen. D’Ziler ginn domat am Transportsecteur agehalen. 

Duerno kënnt de Secteur vun de Gebaier, mat ronn 21 Prozent Zäregas-Ausstéiss. An dësem Secteur, dat heescht dem vun de Bureauen an de Wunngebaier sinn d’Emissiounen domat em 5,1 Prozent an d’Luucht gaangen. Déi leie ronn 26 Prozent iwwert dem CO2-Emissiounszil dee fir de Grand-Duché festgeluecht gi war.

Dee selwechte Constat fënnt ee fir de Secteur Industrie,Handwierk a Bau. Do sinn d’Emissiounen zwar ëm 14 Prozent bannent engem Joerzréckgaangen, mee se leien 31 % iwwert den Objektiver.

Landwirtschaft a Wäibau: 11 Prozent Emissiounen

Am Secteur vun der Landwirtschaft ginn d'Co2-Ziler erreecht. D‘Landwirtschaft an de Wäibau hunn zejoert ronn 11 Prozent vun den Zäregas-Ausstéiss ausgemaach.

Déi offiziell Zieler vu Lëtzebuerg sinn eng Reduktioun vu 55 Prozent vun den Zäregaser bis 2030, an d‘Klimaneutralitéit bis 2050.