arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltministère: Prinzip vum "pollueur-payeur" soll och fir d’Textilbranche gëllen

National

|
reading time

2 min

Ëmweltministère: Prinzip vum "pollueur-payeur" soll och fir d’Textilbranche gëllen

De Prinzip vum "pollueur-payeur" soll zu Lëtzebuerg an Zukunft och fir d’Textilbranche gëllen. Textilverkeefer sollen deemno fir den Offall deen se produzéieren, finanziell opkommen.

reading time

2 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort )

Zu Lëtzebuerg ginn all Joer ronn 7.700 Tonnen Textilie wechgeheit.

Produzenten an d'Responsabilitéit huelen 

Fir den Textilien eng zweet Chance ze ginn an och déi Acteuren an d’Verantwortung ze huelen, déi fir de groussen Deel vun dem Offall verantwortlech sinn, soll elo eng Filière entstoen, déi sech ëm den Textiloffall këmmert.

Fir d’éischt misst dann och definéiert ginn, wat Textilie sinn, esou de Paul Rasqué, vum Ëmweltministère.

"Déi mussen och da separat agesammelt ginn. An zousätzlech ass eeben do eng Filière geschafe ginn, wou ee seet, Produzente musse sech och elo drëm këmmeren, fir déi Collect ze organiséieren, och d'Gestioun vun den Offäll en charge ze huelen."

Et misst een och déi sozial Acteure mat abezéien, esou de Paul Rasqué weider.

2028 soll nei Filière en place sinn

Een anert Zil aus dem nationalen Offall a Ressourceplang ass et, fir bis 2030 60 Prozent vun den Offäll an de Stéit ze recycléieren. Den Ament wier ee bei 54 Prozent.

Ee Wee, fir dohin ze kommen, wier, datt d’Gemengen d’Taxe fir déi schwaarz Poubelle géifen an d’Luucht setzen. Da géifen d’Leit vläicht manner Offall dora geheien, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes.

"Da muss een do Opklärungsaarbecht leeschten, well dat muss guer net do landen. Mir hunn an der schwaarzer Poubelle 37 Prozent nach vu Biodécheten."

Vun deene Biodécheten misste 50 Prozent net an der schwaarzer Poubelle landen.

"Dat ass awer éischter och ganz vill Opklärungsaarbecht mat Campagnen iwwer Antigaspillage oder engem Plan alimentaire." 

Och den taux de collecte fir Béchsen a Plastiksfläschen misst an de nächste Joren däitlech klammen huet hien erkläert. Den Ament géif ee mam Secteur e Plan d’action op d’Bee stellen. E Vidange-System wier doran awer net virgesinn, esou nach den Ëmweltminister.