arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Energieintensiv Entreprisë sollen entlaascht ginn 

EU-Kommissioun 

|
headphones

1 min

Energieintensiv Entreprisë sollen entlaascht ginn 

D‘EU-Kommissioun huet de Wee fräi gemaach fir een Industriestroumpraiss, deen Entreprisen déi vill Energie verbrauchen, entlaaschte soll. Déi nei Mesurë gesi fir, datt elo staatlech Subventioune méiglech sinn, awer d’Entreprisë mussen dofir an eng nohalteg Zukunft investéieren.

headphones

1 min

Fossil Energie | © Bigstock
Fossil Energie (Foto: Bigstock)

Zil wier et, den Ëmbau vun der Industrie a Richtung Klimaneutralitéitvirunzedreiwen, ouni awer d‘Ekonomie ze vill ze belaaschten. D‘Kommissiounschwätzt hei ausdrécklech vun enger Bréckenhëllef. 

Dem neie Kader no, däerf de Stroumpräis fir Betriber, déi villverbrauchen bis zu 50 Prozent reduzéiert ginn, mee just op d’Hallschent vumjärleche Verbrauch. 

De Präis däerf dobäi net ënner 50 Euro pro Megawattstonn falen. 

D’Bäihëllef ass op maximal dräi Joer pro Betrib limitéiert a mussspéitstens Enn 2030 auslafen.