Wéi d’Luxembourg Times de leschte Freideg gemellt huet, géif de Parquet an der Stad aktuell an zwee esou Fäll enquêtéieren. Mat dëse sougenannten “Deep-Nudes” hätten déi sexualiséiert Inhalter vu Persounen eng nei Envergure kritt, erkläert de Jeff Kauffmann, Chargé de Projet vun der Plattform Bee Secure.
"Mëttlerweil ass et méiglech, mat KI -Tools - wéi mir se haut kennen - ganz intim Fotoen hirzestellen an et muss ee bedenken, datt déi KI aus ganz harmlose Fotoen oder Videoen täuschent echt intim Biller ka generéieren."
Deep Nudes si strofbar
Déi betraffe Persoun, déi op der Foto ze gesinn ass, huet dat Bild selwer ni gemaach, ënnersträicht de Jeff Kauffmann. Et gesäit just fir anerer esou aus. Dës Biller ginn och als 'Contenu sexuel' ugesin.
An dat ass strofbar. Wa Bee Secure schonn ëmmer dovun ofgeroden huet, fir Fotoe vu Kanner am Internet an op de sozialen Netzwierker ze deelen, dann ass déi Warnung elo nach méi akut.
"Et geet duer, datt dann en Utilisateur déi Foto an ee KI-Tool aspeise geet an da generéiert déi App ganz einfach do déi intim Foto."
Dobäi musse Fotoen net mol onbedéngt an d‘KI-Tools eropgeluede ginn. Eenzel Tools gi sech déi och esou op d‘sozial Reseaue sichen, esou datt och onbewosst Fotoe vu Social Media vun der KI kënne genotzt ginn.
D'Devise gëllt: Den Internet vergësst net
De Jeff Kauffmann betount, datt besonnesch Jugendlecher misste sensibiliséiert gi fir dës Problematik. D‘Deele vun intime Fotoe wier bei Jonke keng Seelenheet.
"Mir nennen dat am professionelle Jargon 'revenge porn'. Dat ass da wann aus enger Relatioun eraus eventuell iwwer Messenger intim Inhalter gedeelt ginn, wann déi Relatioun an d'Bréch geet."
Als "Revanche" géif dann eng Partei aus där Relatioun intim Biller ëffentlech maachen, déi an engem private Kader gedeelt goufen.
Generell gëllt: Den Internet vergësst net. Dat heescht, datt potentiell jiddereen, deen online eng Foto-Presenz huet, kéint Affer gi vun engem Deepfake.
Wéi kann ee sech selwer an och Kanner do virdru schützen?
"Dat Éischt ass: Bewosstsi schafen", betount de Jeff Kauffmann.
Wat ee manner publizéiert, wat och manner Inhalter géint ee kënne verwennt ginn. Dat gëllt och, wat d‘Publizéiere vu Fotoe vu Kanner ugeet.
"An doriwwer eraus ginn et awer mëttlerweil och Tools fir eeben ze reduzéieren, datt déi Verbreedung vun deene Fotoen zouhëlt."
Mat dësen Tools kéint een och Fotoe vu sech, déi anzwousch optauchen, nees erofhuelen. Wann een do technesch Ënnerstëtzung bräicht, kann ee sech och u Bee Secure adresséieren, fir gehollef ze kréien.
Net op Droungen agoen
Wann eng Persoun tatsächlech Affer gëtt vun esou engem Deepfake, da kann et och zu Erpressungsversich kommen. Also wou den Täter dem Affer drot, d’Inhalter ze deelen, wann et senge Fuerderungen net nokënnt. Dat sollt een op kee Fall maachen, betount de Jeff Kauffmann.
"Wann do finanziell Demanden do stinn, Geld net ze bezuelen, Beweiser ze sécheren, Screenshots, Linken, Messagen an dann och bei esou Saache bei Police ze goen."
A jidderee ka verdächteg Inhalter, déi méiglecherweis Mëssbrauchsduerstellunge weisen, och op anonym Aart a Weis bei Bee Secure mellen.