arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Eng Rees - ee Billjee”: D'EU wëll international Zuch-Reese méi einfach maachen

Passagéier-Rechter

|
reading time

3 min

“Eng Rees - ee Billjee”: D'EU wëll international Zuch-Reese méi einfach maachen

Clientë solle Billjeeë fir eng Zuchs-Rees duerch verschidde Länner mat ënnerschiddlechen Operateuren op enger Plattform kafe kënnen. Hir Rechter sollen och bei Ännerungen am Fuerplang garantéiert sinn.

reading time

3 min

Apostolos Tzitzikostas | © EPA/OLIVIER HOSLET
Apostolos Tzitzikostas (Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

Nom Motto: “Eng Rees - ee Billjee” huet d’Europäesch Kommissioun um Mëttwoch Mëtteg nei Reegele fir den Zuchverkéier presentéiert.

D’EU-Kommissioun wëll een eenheetleche System fir international Zuchreese schafen. Deemno solle d'Clienten hir Tickete fir Connexiounen, déi vu verschiddenen Operateuren ugebuede ginn, op enger eenzeger Plattform kafe kënnen.

D’Kommissioun proposéiert och, datt d’Rechter vun de Passagéier iwwert déi ganz Stréck garantéiert ginn.

Een eenzegen Ticket fir déi ganz Rees

D’Europäesch Kommissioun géif eng “Eng Rees- ee Billjee” - Visioun verfollegen, esou den EU-Kommissär fir den Transport, den Apostolos Tzitzikostas.

“Passagéier sollten net gezwonge ginn, duerch multipel Web-Säiten ze navigéieren a sech Suergen driwwer maachen, ob d’Billjeeën ënner kompatibel sinn, ma hir Rees duerch een eenzege Billjee iwwert eng eenzeg Transaktioun buche kënnen.”

All Client misst seng “Optiounen einfach sichen, kombinéieren a kafe kënnen”, onofhängeg dovun ob verschidden Operateuren oder Transport-Mëttelen involvéiert sinn, esou den Apostolos Tzitzikostas.

Kënnt een Zuch ze spéit oder gëtt een annuléiert, misst de Client “voll rembourséiert ginn”, esou och den EU-Kommissär.

Aktuelle System ass dacks komplizéiert

Ëmfroe no empfannen ze vill Leit an der EU den Transport iwwer d’Bunn als ze komplizéiert, esou de griicheschen EU-Kommissär.

Den Ament muss ee bei Reesen duerch verschidde Länner, dacks Ticketen op ënnerschiddleche Plaze buchen. Si verschidden Zuch-Gesellschaften involvéiert, kréie Cliente dacks separat Ticketen a kënne zum Beispill bei Ännerungen am Fuerplang net einfach op een aneren Zuch ëmklammen.  

Der Propos vun der Kommissioun no missten Zuchgesellschaften de Plattformen hir Donnéeën zur Verfügung stellen, a selwer och Verbindungen offréieren, bei een Deel vun der Stréck vun engem  Konkurrent bedriwwe gëtt.  

Verschidden Zuchgesellschaften si sech schonn elo ënnereneen eens ginn, ënner bestëmmte Viraussetzunge Passagéier bei Verspéidunge vun engem Zuch ouni weider Käschten an engem aneren Zuch matzehuelen.

Dozou gehéieren déi éisträichesch ÖBB, déi franséisch SNCF oder déi d’Deutsche Bahn.

Wéi sollen Operateuren iwwerzeegt ginn?

Onkloer ass och, ob d’Operateuren alleguerte prett sinn, matt op dee Wee ze goen.

Et wier net einfach dat Zil, wat elo proposéiert gëtt, ze erreechen, huet de Vizepresident vun der Kommissioun, de Raffaele Fitto an der Pressekonferenz zu Bréissel zouginn.   

“Eist Zil ass et, d’Liewe vun de Passagéier ze vereinfachen”, sot dozou den Apostolos Tzitzikostas. Déi aktuell Offer wier ze komplizéiert an net komplett. Vum neie System kéint jidderee profitéieren.

Déi nei Reegele musse wéi ëmmer nach vum Europaparlament a vun de Memberlänner adoptéiert ginn. Aus dem Parlament waren déi éischt Reaktiounen éischter positiv. D’Propose gouf vu verschiddene Parteie begréisst.