arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng schwanger Ministesch: "Wichteg, déi Situatioun och elo zu Lëtzebuerg ze hunn"

Elisabeth Margue

|
reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow

Eng schwanger Ministesch: "Wichteg, déi Situatioun och elo zu Lëtzebuerg ze hunn"

Iwwer hir Pläng fir de Summer muss d'Justizministesch Elisabeth Margue net laang nodenken, déi sinn nämlech scho gemaach. D'CSV-Politikerin erwaart hiert zweet Kand. Eppes, wat am Fong net virgesinn ass, wann ee Ministesch ass. Et ass och nach ni virkomm.

reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Elisabeth Margue | © Jo Diseviscourt
D'Elisabeth Margue (Foto: Jo Diseviscourt)

Dowéinst wier déi Situatioun och net genee gereegelt, erkläert d’Elisabeth Margue am 100,7-Interview.

“Als Minister muss ee sech esou organiséieren, wéi een et fir richteg empfënnt.”

Kloer ass, datt si engem anere Minister eng Delegation de signature wäert ginn, deen dann an hirem Numm ënnerschreiwe kann. D’Ministesch dréit awer weiderhin d’Responsabilitéit. Wiem d’Ënnerschrëft delegéiert gëtt, ass nach net kloer.

“Et muss ee mol kucken, wien iwwerhaapt am August disponibel ass.”

Am August wäert d’Justizministesch op jidde Fall e puer Wochen doheem bleiwen, an och an de Wochen duerno méi kuerz trëppelen. Als Ministesch, wat e Mandat ass, gëtt et nämlech kee klassesche Congé maternité.

Keng Entscheedung tëschent Politik a Famill mussen treffen

D’Elisabeth Margue probéiert, déi beschtméiglech Balance ze fannen tëschent Mandat a Famill. Op där hire Réckhalt kéint si och zielen, genee esou wéi op d’Ekipp am Ministère.

Et wier erstaunlech, datt sech déi Froe ronderëm schwanger Ministerinnen elo eréischt stellen. Et weist op eng gewëss Manéier, datt jonk Fraen nach net esou heefeg op deene Positiounen zum Zuch kommen. Dobäi gesäit et am Ausland deels scho bëssen aneschters aus, betount d'Elisabeth Margue.

D’Digitaliséierungsministesch aus Dänemark ass rezent Mamm ginn, genee esou wéi déi schweedesch Ëmweltministesch an d’Bauteministesch aus Däitschland. Déi neiséilännesch Premierministesch huet souguer 6 Woche wéinst hirer Schwangerschaft ausgesat.

“Et ass wichteg, datt dat geschitt, an och bësse méi normal gëtt. Frae solle sech net mussen entscheeden tëschent politeschem Engagement a Famill. D’Männer mussen dat den Ament och net maachen. Dofir ass et e wichtege Schrëtt, déi Situatioun elo zu Lëtzebuerg ze hunn.”

D’Fro stellt sech nämlech net just fir Ministerinnen, mee och fir Deputéiert a Gemengeréitinnen. Och d’Fro vum allgemenge Statut vum Minister hänkt un där Diskussioun mat drun, seet d’Elisabeth Margue. An der nächster Legislaturperiod kéint si sech virstellen, doriwwer “en large” ze diskutéieren.

Ministesch pocht op de Besoin vu guddem Jugendstrofrecht

Diskutéiert gëtt den Ament och vill iwwer Mannerjäreger am Prisong. Riichter, Politiker an den Okaju si sech eens, datt dat net gutt ass. Mee ass den Ënnerscheed dann esou grouss tëschent Dräibuer a Schraasseg, wann d’Mineuren zu Schraasseg jo och e spezifeschen Encadrement kréien?

Jo, seet d’Justizministesch. Dräibuer wier “méi jugendfrëndlech”, an déi Jonk wieren do ganz ënner sech. Datt ee getrennt vun den Erwuessenen ass, wier nämlech wichteg.

“Mee haaptsächlech brauche mir e Jugendstrofrecht, well mir et gär hätten, datt et adaptéiert ass op Jonker, méi verstäerkt op Reinsertioun, op alternativ Strofe setzen, wou kloer am Text steet, datt eng Prisongsstrof déi lescht Méiglechkeet ass, déi dem Riichter bleift.”

D’Unisec soll vun 12 op 24 Plaze vergréissert ginn, mee dat dauert awer nach. Déi Plaze sinn och fir zwee verschidde Fäll virgesinn, seet d’Elisabeth Margue: Mannerjäreger, déi ee viru sech selwer schütze muss, an déi, déi stroffälleg gi sinn.

Et wier eventuell méi séier, eng spezifesch zoue Struktur fir déi psychiatresch Fäll ze schafen, mee Strukture bauen hëlt ëmmer Zäit, gëtt d’Ministesch ze bedenken.

Cybergewalt méi streng bestrofen an technologesche Phenomeener Rechnung droen

Rezent ass och e Gesetzesprojet vun der Justiz duerch de Regierungsrot gaangen, deen d’Cybergewalt méi streng - oder iwwerhaapt mol - reegelt. Eng direkt Reaktioun op de Fall Fernandes vs. Ulmen an Däitschland?

Nee, seet d’Elisabeth Margue, esou séier kéint een dann awer keen Text opstellen. Et hätt een also scho länger dodru geschafft.

“Et ass wichteg de Constat ze maachen, datt Cybergewalt reell ass.”

Eng Rei Strofdote kéinten haut scho poursuivéiert ginn, seet d’Justizministesch, mee duerch nei Medien an Technologië kéimen ëmmer méi Stroffäll derbäi. Bildmanipulatioun gëtt méi einfach, Stalken och, a Cybermobbing méi verbreet.

Deene Phenomeener misst ee Rechnung droen a se am Code penal méi prezis festhalen. Den Text soll och net just eng Momentopnam sinn, mee gëtt Technologie-neutral gehalen, fir datt en net ze séier al gëtt. Esou soll et also egal sinn, ob KI Biller verännert oder net, mee de Phenomeen soll bestrooft ginn, ënnersträicht d’Elisabeth Margue.

 

play_arrow Lauschteren