An der Spillschoul géif d‘Basis fir dat spéidert Schoulliewe fir d‘Schüler:inne geluecht ginn, schreiwen SNE, AIP an ALEE. Et wier ganz wichteg, datt déi kleng Kanner méi individuell begleet ginn.
Si wieren sech bewosst, datt den Educatiounsministère net vun haut op muer kéint op déi Fuerderung reagéieren. Si hätten awer gären, datt de Ministère sech engagéiert, e Rekrutéierungsplang, zesumme mat hinnen, auszeschaffen, dee fir déi nächst Rentrée prett wier.