Enquête wéinst illegale Soinen: Justiz kontrolléiert Schéinheets-Salonen
D‘Police an Experte vun der Santés-Direktioun maachen am Moment am ganze Land Kontrollen a Perquisitiounen a Schéinheets-Salonen. Dat deelt de Parquet mat. Et geet dorëm ze iwwerpréiwen, ob déi néideg Autorisatioune fir verschidde Soine virleien an ob déi medezinesch Standarden agehale ginn.
Saisi am Kader vun de Kontrollen (Foto: Direction de la santé)
Viséiert si virun allem Botox-Injektiounen, Lipolysen, fir Fett ofzesaugen oder och Plasma-Injektiounen. De Parquet preziséiert, datt nëmme qualifizéiert Personal esou Interventiounen däerfen duerchféieren, well et sech ëm pharmazeutesch Produiten handelt.
Am Fall, wou déi néideg Autorisatioune net virleien oder déi medezinesch Standarden net agehale ginn, si Strofen a Saisië virgesinn.
D‘Kontrolle ginn nach an den nächste Woche weider, esou nach de Parquet.