arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Eric Thill: Keng Kris am Filmsecteur, mee Upassung un nei wirtschaftlech Realitéiten

Filmsecteur

|
reading time

2 min

Eric Thill: Keng Kris am Filmsecteur, mee Upassung un nei wirtschaftlech Realitéiten

Rezent hat de Produzent Paul Thiltges Faillite gemellt, Techniker kloen iwwer finanziellen Drock, an och d’Filmland-Studioen zu Kielen sollen zoumaachen. Elo soll zesumme mam Secteur analyséiert ginn, wéi eng Léisunge méiglech sinn, esou den DP-Kulturminister am 100,7-Interview.

reading time

2 min

De Kulturminister Eric Thill  | © Michelle Barthel
De Kulturminister Eric Thill (Foto: Michelle Barthel)

Fir déi nächst Deeg wieren dofir Entrevuë mat Vertrieder:inne vum Secteur geplangt, esou den Eric Thill.

De Kulturminister bleift awer éischter vage, ob a wéi eng finanziell Hëllefen zur Verfügung gestallt kënne ginn. Zejoert hätt een 180 Milliounen Euro op den Dësch geluecht. 

"Fir déi nächst véier Joer dem Secteur eng gewësse Stabilitéit a Previsibilitéit ze ginn." 

Minister weist sech optimistesch

Déi selektiv finanziell Hëllefe missten zum Deel nach adaptéiert ginn, esou de Minister. 

"Dat gëtt elo gemaach, datt d'Geld och wierklech do ukënnt, wou et gebraucht gëtt. Zweetens, an da musse mer eis och drëttens als Regierung Gedanke maachen, infrastrukturell, fir do de Point ze maachen an ze kucke wat ass do méiglech." 

Elo misst een un den Infrastrukture schaffen. 

"An do musse mer elo kucke wat de Secteur seet, wat et vu Méiglechkeete gëtt. An da sinn ech do gudder Déng, datt mer zesumme wäerten eng Léisung fannen." 

Och de President vun der ULPA, der Unioun vun de Produzenten aus dem audiovisuelle Beräich, gesäit keng generell Kris am Filmsecteur. 

Et wier een awer zënter enger Rei Jore mat verschiddene Problemer confrontéiert, esou den Donato Rotunno am 100,7-Interview

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam DP-Kulturminister Eric Thill