Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erneierbar Energie: Grousst Potenzial fir Solaranlage laanscht d'Autobunnen

Nom Energiedësch

Erneierbar Energie: Grousst Potenzial fir Solaranlage laanscht d'Autobunnen

Et bestéing enorme Potential hei am Land fir laanscht d’Autobunne Solaranlagen ze bauen. Dat seet den Energieminister Lex Delles am 100,7 -Interview, an der Suite vum Energiedësch e Mëttwoch zu Senneng.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

© MT play_arrow

Do goung et em den Ausbau vun den erneierbaren Energien. Enger neier Etude no kéint beispillsweis laanscht d’Diddelenger Autobunn eng Solaranlag gebaut ginn, déi Stroum fir ronn 35.000 Stéit kéint produzéieren. Am Dezember sollt och d’Analys virleien, fir dat komplett Autobunnsnetz hei am Land, sou de Lex Delles. Donieft misst een och d’Méiglechkeet vu Wandanlagen op deene Plaze méi konkret an d’Ae faassen. Aktuell mussen déi wäit ewech vun den Autobunne bleiwen.

"Dat ass aus verschiddene Grënn, aus eelere Reglementer eraus. Do geet et ëm Äisschlag zum Beispill, wann eng Anlag undréit, da kann et sinn, dass am Wanter, wa Waasser drop gefruer ass, dass deen da weidergehäit gëtt."

Nei Anlage sinn allerdéngs gehëtzt. Sou datt dat net méi ka virkommen, erkläert de Lex Delles. Et misst een awer och kucken, d‘Anlagen do ze installéieren, wou se och gebraucht ginn. Domat géif een de Reseau och kleng halen, war erëm d‘Stroumpräisser méi kleng hale géif.

Lauschteren