arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erntegespréich: Trotz manner gudder Recolte wier ee mat engem bloen A dovu komm

Klima

|
reading time

1 min

Erntegespréich: Trotz manner gudder Recolte wier ee mat engem bloen A dovu komm

Et war kee gutt Joer fir d’Landwirtschaft. Wéinst der extreem laanger Dréchent, déi och nach fréi ugefaangen huet. Dat war e Constat vun der CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen de Moien zu Colmar-Bierg beim sougenannten "Erntegespräch".

reading time

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Fir d’CSV-Politikerin gouf d’Recolte 2026 deemno duerch d'Wieder bestëmmt. Am Hierscht wier et nach gutt ugaangen, esou d'Ministesch. 

"Mir hunn dann eben d'Hëtzt a virun allem och dee ganz, ganz waarmen Dag, och am Juni. De 27. Juni hate mir eng Rekordtemperatur vun 41,4 Grad zu Réimech."

Dat hätt de Kären net gutt gedoen. 

"Mir sinn héich Temperaturen am Summer gewinnt, awer u sech nach ni esou laang. An dat war déi laang Zäit. Eleng am Juni a Juli hate mir en Defizit vun 100 Liter Reen. Dat ass extreem vill."

D’Martine Hansen huet un d’Ertragsausfallversécherung fir Baueren erënnert an d'Baueren, déi net dofir kéinten, datt et dréche war. A well een d’Liewensmëttelproduktioun net vergiessen dierft, bräicht et och Bäihëllefe vu Bréissel iwwer déi gemeinsam Landwirtschaftspolitik PAC.