Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E17 Mir scheiteren ëmmer nach: Anouk Faber an Florence Sunnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Esch: Josée Hansen gëtt nei Cheffin vum "Service culture"

Kultur

Esch: Josée Hansen gëtt nei Cheffin vum "Service culture"

De "Service culture“ vun der Stad Esch kritt eng nei Cheffin: D‘Josée Hansen wiesselt aus dem Kulturministère an d‘Minettmetropol, wéi d‘Tageblatt mellt.

auto_stories

1 min

Foto: radio 100,7

Déi fréier Journalistin a Vertriederin vum Staat am Verwaltungsrot vum radio 100,7 soll am Mäerz d‘nächst Joer d‘Successioun vum Ralph Waltmans zu Esch iwwerhuelen, an ierft deemno eng Rei schwéier Dossieren, zum Beispill de kontroverséierte Kulturveräin frEsch oder och d‘Streidereie ronderëm den Zentrum Batiment4 an de Kollektiv Richtung22.