arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eskalatioun vun der Gewalt tëschent Pakistan an Afghanistan

Konflikt

|
headphones

1 min

Eskalatioun vun der Gewalt tëschent Pakistan an Afghanistan

No enger Offensiv vun den afghaneschen Taliban huet déi pakistanesch Loftwaff an der Nuecht militäresch Installatiounen am Nopeschland attackéiert.

headphones

1 min

Kontrollen zu Kabul | © EPA/SAMIULLAH POPAL
Kontrollen zu Kabul (Foto: EPA/SAMIULLAH POPAL)

Dobäi wieren och Ziler an der afghanescher Haaptstad Kabul an an de Provënze Kandahar a Paktia bombardéiert ginn.

Krichserklärung

Pakistan huet den afghaneschen Taliban den “oppene Krich” erkläert.

Et gi schwéier Gefechter tëschent Afghanistan a Pakistan.

Informatiounen iwwer Doudeger op béide Säiten

Pakistan schwätzt vun Dosenden doudegen Taliban-Kämpfer.

Virdrun hat Afghanistan Positiounen a Pakistan attackéiert. Dobäi wiere 55 pakistanesch Zaldote gestuerwen, esou de Verteidegungsministère zu Kabul.