A Frankräich gëllt iwwerdeems eng orange Alerte an 23 Departementer. Dat wéinst dem Stuerm Austen, deen iwwer d'Bretagne an d'Loire atlantique zitt.
Hënt goufen an der Bretagne deels Wandstéiss vun tëschent 120 an 140 Kilometer an der Stonn enregistréiert.
Ronn 150.000 Stéit sinn den Ament ouni Stroum. Météo France mécht sech virun allem Suergen, well d'Vegetatioun op ville Plaze schonn duerch d'Dréchent am Summer geschwächt ass.
Esouwuel Zich wéi och Flich aus de betraffene Géigende goufen annuléiert.
Trotzdeem Manifestatiounen um Weekend
Well den Ament nach net kloer ass, a wéi eng Richtung sech de Stuerm beweegt, deelt Météo France mat, datt aus der oranger eng rout Alerte kéint gemaach ginn. Och eng Alerte wéinst villem Reen ass net ausgeschloss.
Wéi sech d'Wieder op déi ugekënnegt Protester queesch uechter Frankräich um Weekend auswierkt, ass nach net kloer. Déi franséisch Regierung preparéiert sech awer mat am Ganze 70.000 Polizisten a Membere vun de Sécherheetsforcen op déi ugekënnegt Manifestatiounen.
Zënter engem Mount ginn et Schüler:innen- a Studentemanifestatiounen a Frankräich. A verschiddenen Secteuren zu Paräis - betraff sinn d‘Perimeter vun der Place de la Republique bis les Halles, gëllt iwwregens all Nuecht, bis e Méindeg nach eng Ausgangsspär tëschent 11:00 Auer an der Nuecht bis 06:00 Auer moies.