Zënter dëser Editioun ass de Skimo - wéi d’Sportaart nach genannt gëtt - olympesch. De Prinzip vum Ski Mountaineering ass u sech ganz einfach.
Et gëtt e Parcours, bei dem d’Athleeten an Athleetinnen tëschent 70 an 150 Héichtemeter meeschtere mussen. Fir d’éischt geet et fir d’Athleeten an Athleetinne biergop an dann nees de biergof. D’Montée ass dobäi an dräi Phasen agedeelt.
Transitioune sinn entscheedend
D’Athleeten an Athleetinne starte mat hire Schi un de Féiss a mussen een Deel vum Parcours eroplafen. Fir den zweeten Deel mussen d’Schi dann ausgedoen an um Rucksak festgemaach ginn, fir zu Fouss eng géi Pente eropzelafen. De leschten Deel Bierg op gëtt dann nees mat de Schi gefuer. Uewen ukomm, mussen d’Athleeten e sougenannt Schifell vun de Schi ofzéien.
Dat Fell gëtt zousätzlechen Halt am biergop a verhënnert, datt een no hanne rutscht. Eng séier Descente wier domat awer onméiglech.
Wann d’Schifell bis vun de Schi erof ass, kënnen d’Athleeten an Athleetinne sech an d’Descente stierzen.
An da geet et just nach dorëm, esou séier wéi méiglech an d’Zil ze kommen.
Dräi intensiv Minutten
Déi wichtegst Momenter beim Ski Mountaineering sinn d’Transitiounen. Also wann d’Schi mussen un- oder ausgedoe ginn. Hei kann ee vill Zäit gewannen, awer grad esou gutt verléieren. Een Tuer beim Ski Mountaineering dauert net laang.
Ëm déi dräi Minutte brauchen d’Athleeten an Athleetinnen an der Reegel fir de Parcous an der Sprint-Disziplin. Lassgeet et mat de Sprint-Competitiounen am Laf vum Moie mat de Virleef bei den Dammen an den Hären. D’Finall bei den Dammen ass de Mëtteg kuerz virun 14:00 Auer. D’Finall vun den Hären ass direkt duerno géint 14:15 Auer.