Radioen

On air

Tockcity  |  Sam Fender - Little Bit Closer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa oprüsten: Wou sollen d'Suen hier kommen?

EU-PLANG FIR D’VERDEEDEGUNG

Europa oprüsten: Wou sollen d'Suen hier kommen?

Am Virfeld vum EU-Krise-Sommet huet d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen e Plang presentéiert, dee virgesäit Europa opzerüsten. Duerch verschidde Mesurë sollen um Enn 800 Milliarden Euro mobiliséiert ginn, sou d’Hoffnung vun der Kommissioun. Mee wéi kënnt Bréissel op deen impressionnante Chiffer? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. 

 

auto_stories

3 min

headphones

10 min

100,7 EU-Korrespondentin Danièle Weber play_arrow
100,7 EU-Korrespondentin Danièle Weber

E Budget vun 800 Milliarden Euro wier méi, wéi viru 5 Joer am Corona-Hëllefspak zesumme koum.

Keen eigentlechen Hëllefspak

De Pak vu Mesuren, deen d’Kommissioun elo proposéiert, soll d’EU-Länner sollen dobäi ënnerstëtzen, méi an d’Defense ze stiechen. Vun engem richtegen “Hëllefspak” kann een hei awer net schwätzen.

An der Pandemie waren nämlech iwwert d'Hallschent vun de bal 750 Milliarden Euro Subsiden, déi d'Länner net hu missen zeréck bezuelen. Dës Kéier si keng Subsiden dobäi, et si just Prête virgesinn. 

Ënnerhalb vu 4 Joer 800 Milliarden Euro? 

De Pak gesäit fir, datt een europäesche Fong vun 150 Milliarden Euro soll op d’Bee gesat ginn. Déi géifen dann a Form vu Prêten un déi Länner verdeelt, déi Demandeur sinn. Si kréien d’Suen ënnert der Konditioun, se an d’Defense ze stiechen. 

Bannent véier Joer sollen 800 Milliarden Euro zesumme kommen, sou d’Kommissiounscheffin. Ob dat wierklech geschitt, ass awer nach net sécher. 

D’Ursula von der Leyen huet d’Rechnung gemaach, datt wann déi 27 EU-Länner an der Moyenne hire Budget fir d'Defense ëm 1,5 Prozent erhéije géifen, da kéimen doduerch an de nächste véier Joer 650 Milliarden Euro zesummen. Zesumme mam Fonds vun 150 Milliarden Euro kënnt d’Kommissioun dann op déi 800 Milliarden.

National Efforten néideg

De Gros vun de Sue géif duerch Budgetsefforte vun de Memberlänner selwer zustane kommen. Fir hinnen ze hëllefen, proposéiert d’Kommissioun d’Scholdereegelen aus der EU, un déi all EU-Land gebonnen ass, méi labber ze maachen. Do géifen d'Länner e méi grousse Spillraum kréien.

D’Efforte missten deemno allerdéngs an der Haaptsaach op nationalem Niveau gemaach ginn. 

Kohäsiounsfonge kéinten deviéiert ginn

D’Kommissioun proposéiert, datt d’Länner Kohäsiounsfongen - dat si Suen déi fléissen a Programmer, déi zum Beispill dofir do sinn, strukturschwaach Regiounen ënnert d’Äerm ze gräifen – deels fir d’Verdeedegung notzen. Wéi vill Suen dat wieren, ass och net gewosst.

Lëtzebuerg huet aus deem Dëppe 86 Milliounen Euro zu gutt, an der dovu bis elo knapps 56 Milliounen Euro a Projete gestach. Dat heescht do stinn nach 30 Milliounen aus. Ob een déi awer elo anescht, wéi geplangt notze wëll, ass net sécher.

Wéi eng Mesure kéinte fir Lëtzebuerg interessant sinn?

De Premier Luc Frieden huet d’Propose vun der Kommissioun begréisst, ouni am Detail ze soen, wéi eng Mesurë genee fir Lëtzebuerg interessant kéinte sinn.  

Lëtzebuerg hat wärend der Pandemie vun der Méiglechkeet, Sue vu Bréissel ze léine, kee Gebrauch gemaach. Dat well de Grand Duché zu deene wéinegen EU-Länner gehéiert, déi selwer um Finanzmarché zu bessere Konditiounen, also mat manner Zënse, Sue léine kann. 

Wéi een Zäitplang ass virgesinn?

Ob déi Propose Realitéit ginn, hänkt dovun of, ob d'Länner déi Proposen akzeptéieren an och esou adoptéieren. 

Dat kéint séier goen, seet d'Kommissioun. Dat heescht bannent Wochen. Bis allerdéngs d’Länner wierklech méi Suen an hirem Budget hunn, fir an d’Verdeedegung ze stiechen an dann och der Ukrain méi Ënnerstëtzung kéinten  zoukomme loossen (wat jo och een Zil vun de Mesuren ass), dat dierft allerdéngs vill méi laang daueren.

Lauschterenplay_arrow