Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
search

/ Europäesch Kommissioun leet Enquête géint Online-Händler Temu an

Verkaf vun illegale Produiten

Europäesch Kommissioun leet Enquête géint Online-Händler Temu an

D'EU-Kommissioun geheit dem Onlinehändler vir, géint d’EU-Gesetz fir digital Servicer ze verstoussen. An dëser formeller Prozedur wäert d’EU-Kommissioun ënner anerem préiwen, ob den Design vun der Online-Plattform d’Keefer a Keeferinne potenziell süchteg mécht an dozou verleet, Saachen ze kafen déi se sech net wollten uschafen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Iwwerdeems steet de Verdacht am Raum, datt Temu net genuch ënnerhëlt fir géint de Verkaf vu gefälschten oder souguer geféierlech Produite virzegoen.

Ëmmer nees géifen onseriö Händler op der Plattform probéieren hir Saachen ze verkafen, an dat och nodeems se scho blockéiert gi wieren, esou de Reproche vun der Kommissioun.

D’Kommissioun sicht elo no Beweiser fir déi Verstéiss – an dat ënnert anerem duerch Befroe vu Clienten. Wann d’Verstéiss géife bewise ginn, da kann d’Kommissioun eng Strof ausschwätzen, an Héicht vu bis zu 6 Prozent vum weltwäite Joresëmsaz vun der Plattform.

Et ass net déi éischte Kéier, dass d’EU-Kommissioun géint Online-Plattforme virgeet. Och géint X, fréier Twitter, oder nach AliExpress an Tiktok, ass dës formell Prozedur ageleet ginn. Duerch dat neit EU-Gesetz iwwert déi digital Servicer soll ebe vill méi streng géint illegale Contenu am Internet virgaange ginn.

Lauschterenplay_arrow