Invitéiert sinn den RN-Chef Jordan Bardella, eng Politikerin vun der ungarescher Fidesz-Partei, en Europadeputéierte vun de riestextreme Schwedendemokraten an als Haaptinvité den argentiensche President Javier Milei. D'Leit gi vum israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu empfaangen. D'Politiker verbënnt virun allem eng anti-muslimesch Agenda.
D'Konferenz huet ënner jüddeschen Organisatioune weltwäit fir Kritik gesuergt, ënner anerem och duerch den däitsche Publizist Michael Friedmann. Eng ganz Rei Invitéen hunn ofgesot, dorënner och de Chef vun der Anti-Difamation League Jonathan Greenblatt.